Bekannt aus Film a SerieDen däitsche Schauspiller Michael Mendl ass am Alter vun 82 Joer gestuerwen

Andy Brücker
Fir seng Roll als Willy Brandt am Film "Im Schatten der Macht" krut hien 2004 eng "Goldene Kamera".
Dës Foto gouf am Abrëll 2019 gemaach, dat fir säi 75. Gebuertsdag
Dës Foto gouf am Abrëll 2019 gemaach, dat fir säi 75. Gebuertsdag
© PAUL ZINKEN/dpa Picture-Alliance via AFP

De Michael Mendl war ee vun de markantsten däitsche Schauspiller vu senger Generatioun. Mat senger déiwer Stëmm a senger imposanter Presenz huet hien iwwer Joerzéngten eng Rei vu bedeitende Rollen am Film an am Fernsee gespillt, ënner anerem am Kinohit "Der Untergang", an der Netflix-Serie "Dark "oder als fréieren däitsche Bundeskanzler Willy Brandt am Fernseefilm "Im Schatten der Macht". Fir dës Leeschtung krut hien 2004 eng "Goldene Kamera".

Ville Leit dierft hien och aus sëllege Gaaschtoptrëtter an der beléifter Serie "Tatort" bekannt sinn.

De Schauspiller ass am Alter vun 82 Joer gestuerwen. E wier "friddlech ageschlof", heescht et an der Meldung vu senger Agentin.

Back to Top
CIM LOGO