Viru 6 Méint huet Renault déi 6. Generatioun vum Bestseller Clio virgestallt a schonn deemools hat dee klenge Fransous nawell direkt e gudden Androck hannerlooss. Elo stoung den neie Clio fir een Alldagstest bereet an de Paul Origer war gespaant, ob sech déi éischt Impressioun och am Alldag bewäert huet.
Fréier konnt een e klengen Auto tatsächlech nëmme begrenzt notzen. Laangstrecke waren zum Beispill tabu. Abee, den neie Clio huet op ronn 900 Kilometer fir alles missen duerhalen an dat huet e gutt gemeeschtert!

Den Design
E groussen Ënnerscheed zum Virgänger an en plus immens gelong; Renault ka bei senge klengen Autoen definitiv och emotionalen Design. An iergendwéi muss den neie Clio och besonnesch vu vir Charakter hunn, well de sougenannten "Iwwerhuelprestige" konnt ech op der däitscher Autobunn tatsächlech feststellen.

Den Interieur
Och op méi eng laang Zäitdauer huet de Clio seng Qualitéite behalen. Eng dovunner ass besonnesch de Sëtzconfort an déi relativ üppeg Plaz an der viischter Rei. Dee fir mech net optimale Verstellberäich vum Sëtz ass awer bliwwen, genee wéi déi knapp Beefräiheet hannen. Zum Banneraum gehéiert fir mech och d'Iwwersiicht; dem flotten Design geschëlt ass eng zimmlech breet D-Sail hannert déier alt emol ganz Autoe verschwanne kënnen. Och d'hannerzeg aparke kann esou zum Challenge ginn. Zum Gléck waren an eiser Versioun all méiglech Kamerasystemer verbaut an déi hu vill gehollef.

Den Undriff
Wichtegsten Undriff ass beim neie Clio d’Hybrid-Motorisatioun an déi stouch och an eisem Testauto. Och wann haut 160 PS der net terribel vill sinn, de Clio Nummer 6 mutéiert domat quasi zum Hot Hatch. D'Kombinatioun aus Elektro a Bensinner suergt fir een zackegen Untrëtt mat vill Dréimoment, besonnesch am Sportmodus geet et richteg virun. De Verbrauch bleift awer an alle Situatiounen an engem nidderege Beräich, vu 4,6 bei Gepiddels duerch d'Stied an iwwer Land bis zu 6,9 Liter beim Vollgas-Rëtt iwwert d'däitsch Autobunn goung d’Palett - dat ass absolut korrekt. E klenge Bemol gouf et fir d’Boîte; déi speziell Multimode-Technik fonctionéiert leider net ganz ruckfräi, wat besonnesch am Stop & Go nervt.

Op der Strooss
Wien den Esprit-Alpine-Emblem belächelt an als einfach Equipementslinn ofdeet, deen iert sech gewalteg. An der Topversioun stécht méi dra wéi ee mengt. Engersäits ee relativ knackegt Fuerwierk, wat esouwuel 180 op der däitscher Autobunn wéi, zesumme mat enger nawell kommunikativer Steierung, enk Kéieren op der Landstrooss meeschtert - anerersäits eng Fiederung, déi hirem Numm an der Renommée vu franséischen Autoen all Éier mécht an d'Passagéier bei schlechte Stroosse verschount.

Am Resumé
Net fir näischt de Bestseller an d’Relève ass bestëmmt och mat der Nummer 6 nees geséchert. Och de Startpräis vu ronn 23.000 Euro fir den Hybrid ass ee fairen Tarif fir ee wierklech vollwäertegen an attraktiven Auto.

Internet: Renault Clio
Crashtest: Renault Clio