Erasmusbréck zu Rotterdam15 Blesséierter no Kollisioun vun zwee Trammen

RTL mat AFP
E Mëttwoch de Moien ass et op enger fir den Trafic wichteger Bréck zu Rotterdam zu enger Kollisioun tëscht zwee Tramme komm.
Firefighters and emergency services arrive on the site of an accident involving two trams that collided on the Erasmus Bridge, in Rotterdam on July 22, 2026, injuring 18 people including two in serious conditions.
Rettungsekippen op der Erasmusbréck zu Rotterdam
© ANP/AFP

E Mëttwoch sinn op enger wichteger Bréck zu Rotterdam an Holland zwee Tramme kollidéiert. Dobäi goufen éischten Informatioune vun den Autoritéiten no op d'mannst 15 Mënsche blesséiert, een dovun uerg.

D'Erasmusbréck ass e wichtege Verkéiersknuet vun der hollännescher Hafestad, déi iwwert de Floss Maas geet. Webcam-Opname vun der Bréck weisen, wéi een Tram mat voller Wucht op den hënneschten Deel vun enger anerer geknuppt ass, wouduerch Stécker iwwer d'Fuerbunn geflu sinn a béid Gefierer beschiedegt hunn.

D'Bréck gouf duerno a béide Richtunge komplett fir den Trafic gespaart. D'Blesséierter an d'Passagéier goufe vun de Rettungsekippen evakuéiert.

Firefighters and emergency services arrive on the site of an accident involving two trams that collided on the Erasmus Bridge, in Rotterdam on July 22, 2026, injuring 18 people including two in serious conditions.
© ANP/AFP

Back to Top
CIM LOGO