
Am Kader vun enger Verkéierskontroll op der A13 gouf e Mëttwoch d'Vitess vun engem Chauffeur gemooss, dee mat 224 km/h ënnerwee war. Op der Streck, op där de Chauffeur ënnerwee war, sinn allerdéngs just 110 km/h erlaabt,
Eng Patrull vun der Police huet doropshin d'Poursuite opgeholl. De Chauffeur konnt e wéineg méi spéit gestoppt an aus dem Verkéier gezu ginn.
De Chauffeur krut de Permis nach op der Plaz ofgeholl a gouf protokolléiert.