
Kuerz viru 6 Auer e Mëttwoch de Moie koum et tëscht Mënsbech an Nidderaanwen op der Kräizung tëscht dem CR132 an der Rue Gabriel Lippmann zu engem heftegen Accident. Zwee Autoe krute sech hei ze paken. Zwou Persoune koumen doropshin an d'Spidol. Op der Plaz war dann och de SAMU.

Den Trafic op der Plaz war fir eng Zäit perturbéiert an et huet deels staark gestaut. Mëttlerweil ass den Accident awer nees geraumt.

Wéi am Bulletin vum CGDIS ze liesen ass, sinn zwou weider Persounen e Mëttwoch de Moien zu Schued komm. An der Stawelerstrooss zu Huldang ass e Motocyclist gefall an um CR226 tëscht Conter a Siren ass e Cyclist gefall.
Bei béiden Accidenter war de SAMU am Asaz.