US-BerichtTrump wëll FIFA-President Infantino als neien UN-Generalsekretär

RTL Lëtzebuerg
Aktuell ass den Gianni Infantino nach FIFA-President. Den Donald Trump géif de 56 Joer ale Schwäizer awer gär als neien UN-Chef gesinn.
EAST RUTHERFORD, NEW JERSEY - JULY 19: FIFA President Gianni Infantino and U.S. President Donald Trump attend the award ceremony following the FIFA World Cup 2026 Final match between Spain and Argentina at New York New Jersey Stadium on July 19, 2026 in East Rutherford, New Jersey. Justin Setterfield/Getty Images/AFP (Photo by Justin Setterfield / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP)
Den Gianni Infantino an den Donald Trump bei der Finall vun der Futtball-WM.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP

Den Donald Trump wënscht sech den aktuelle FIFA-President Gianni Infantino als neien UN-Generalsekretär, deen an den nächste Méint nei gewielt soll ginn. Wéi d'New York Post e Mëttwoch de Moien an engem Bericht vun enger net genannter Quell aus dem Ëmfeld vum US-Staatschef geschriwwen huet, géif den Infantino "weltwäit vun alle respektéiert ginn an eng besonnesch Fäegkeet besëtzen, Mënschen zesummenzebréngen".

De Paolo Zampolli, Emissär fir global Partnerschafte vum Trump an och ee gudde Bekannte vum Infantino huet dem Trump seng Iddi gelueft a gemengt, datt et tëscht deenen zwee Ämter "gewëss Ähnlechkeete" géif. "Bei der FIFA gëtt et iwwer 200 Memberen. Dem Gianni seng Erfollegsbilanz weist, datt e weess, wéi een dat Ganzt leet."

Schonn op der Futtball-WM hu sech den US-President an de FIFA-Chef als gutt Kolleegen inzenéiert. Den Infantino wier "e gudde Frënd", mat deem een en enkt Verhältnis fleege géif, sou den Trump, dee virun der WM de "FIFA-Friddenspräis" entgéint geholl huet. Wärend dem Turnéier hat en Telefonat tëscht deenen zwee fir international Kritik gesuergt, wou den Trump den Infantino gefrot huet, fir eng Rout-Spär vun engem US-amerikanesche Spiller nodréiglech "iwwerpréiwen" ze loossen.

Ob den Gianni Infantino selwer d'Amt als neien UN-Generalsekretär wëllt, ass aktuell nach net gewosst. Réischt viru kuerzem hat hie seng Kandidatur fir déi nei Wal als FIFA-President erkläert.

Back to Top
CIM LOGO