
Den CFL no gouf et op der Héicht vu Bierchem en technesche Problem, deen d'Linne Lëtzebuerg-Esch-Rodange a Lëtzebuerg-Diddenuewen-Metz betraff huet. Zanter en Donneschdeg 13:00 Auer ass de Problem behuewen an den Zuchtrafic normaliséiert sech nees.
Déi lescht Deeg waren d'Schnellzich tëscht der Stad a Rodange a béid Richtunge gestrach, d'Regionalbunne sinn awer gefuer. D'Zich tëscht der Stad a Metz ware manner reegelméisseg wéi gewinnt gefuer. Zanter en Donneschdeg rullt deemno nees alles.
All d'Detailer an d'Updates ginn et op CFL.lu.