
E Mëttwoch schonn wäert d'Tram-Streck kuerzzäiteg tëscht der Universitéit an der Rouder Bréck vun 20:30 Auer un gespaart sinn. Dat heescht et wäert dann e Mëttwoch den Owend just nach méiglech sinn, vum Stadion bis bei den Arrêt "Rout Bréck" ze fueren, respektiv vum Findel bis bei d'Universitéit.

Dono, also vum 23. Juli un, wäert dann de richtege Chantier op der Streck Pafendall - Philharmonie ufänken. Wéinst dem Ausbau vun der neier Tramslinn, déi vun der Avenue Kennedy iwwer de Boulevard Konrad Adenauer wäert lafen an d'BEI, d'Cour de Justice, de Jean Monnet an d'Europaschoul mam Tram wäert verbannen, gëtt da vum 23. Juli bis de 9. August inclus op der Kräizung vum Boulevard Adenauer mat der Avenue Kennedy geschafft. Aus deem Grond kann an deem Zäitraum op dëser Plaz, also tëscht der Philharmonie an der Rouder Bréck - Pafendall och keen Tram zirkuléieren.
Esou mussen d'Passagéier vum Tram bei der Philharmonie respektiv bei der Rouder Bréck erausklammen an déi 450 Meter bis zum nächsten Arrêt zu Fouss goen. Luxtram schreift op hire Plakater, datt een hei 7 bis 10 Minutte muss méi aplangen.