
Eng gréisser Stroumpann huet de Fonctionement vun der Paräisser Gare de l'Est zu groussen Deeler op Äis geluecht. Betraff sinn all d'Departen, déi vun der Paräisser Gare aus sollte fortfueren. Annoncéiert war, datt ee bis op d'mannst 22 Auer um Donneschdeg den Owend mat Problemer misst rechnen.
Ma betraff waren awer net nëmmen d'Zich, déi ënnert anerem och Verbindunge mat Lëtzebuerg hunn, ma och déi komplett Linn E vum RER an d'Linn P vum Transilien. "D'Ekippe sinn op der Plaz, fir eng Analys ze maachen an d'Installatiounen ze sécheren", sou d'SNCF der AFP géigeniwwer.