
Op Grond vun enger technescher Pann, déi d'Stellwierk zu Ettelbréck betraff huet, war d'Zirkulatioun op der Streck Dummeldeng - Ettelbréck - Dikrech a béide Richtungen deels ënnerbrach. Konkret betraff war den Trajet tëscht Dummeldeng an Ettelbréck.
D'CFL hunn an deem Kontext e Samschdeg de Moien dann och Ersatz-Busser fir d'Leit en place gesat, déi tëscht Dummeldeng an Ettelbréck d'Leit transportéiert hunn.
Géint 19:15 Auer gouf et dann Entwarnung vun den CFL. Den Zuchtrafic wäert op der Streck no an no nees normal rullen.