RTL-FaktencheckHat den Inneminister bei enger Patrull vun der Police e kugelséchere Gilet un?

RTL-Faktencheckekipp
An engem Video, deen de Minister Léon Gloden a säi Ministère op déi Sozial Medie gesat hunn, kann een erkennen, datt de Minister eppes wéi e kugelséchere Gilet un huet.
Den Inneministère confirméiert, datt de Minister Léon Gloden bei enger Patrull vun der Police am Garer Quartier mat dobäi war an do och e kugelséchere Gilet unhat.
Den Inneministère confirméiert, datt de Minister Léon Gloden bei enger Patrull vun der Police am Garer Quartier mat dobäi war an do och e kugelséchere Gilet unhat.

An engem Video, deen esouwuel de Léon Gloden selwer wéi och säin Inneministère publizéiert huet, kann ee gesinn, wéi de Minister ënner anerem zesumme mat der Stater Buergermeeschtesch an Deputéiert Lydie Polfer bei enger Patrull vun der Police dobäi ass. Si ginn dobäi duerch de Garer Quartier an der Stad.

D'Police weist zanter Méint a Jore vill Presence an dësem Quartier, fir ebe géint d'Kriminalitéit oder och den Drogenhandel virzegoen. An der Emissioun Invité vun der Redaktioun vum 9. Juni 2026 huet de Léon Gloden gesot, datt d'Zuele géife weisen, datt am Garer Quartier an der Stad vill géif geschéien.

Den ugeschwate Video léist da grouss Debatten an de Soziale Medien aus, well een de Minister bei der Patrull mat eppes gesäit, wat een als "kugelséchere Gilet" kéint interpretéieren. D'Kritik, déi opkënnt, beseet, datt d'Politik engersäits seet, datt de Garer Quartier sécher wier, anerersäits de Minister awer mat engem kugelséchere Gilet op genee dëser Plaz ënnerwee wier.

Ministère confirméiert: Et war e kugelséchere Gilet

Op Nofro beim Inneministère huet dëse confirméiert, datt de Léon Gloden e kugelsécher Gilet bei dëser Visitt unhat. "Den Inneminister Léon Gloden huet d'Police bei enger Visite am Garer Quartier ënner reelle Konditioune begleet. Dozou gehéiert d'Droe vun enger schosssécherer West."

D'Undoe vum Gilet wier eng preventiv Mesure, déi de Minister op Recommandatioun vun der Police ugedoen hätt. "Dës Recommandatioun gëllt fir all d'Participantë bei enger Patrull", heescht et weider.

Weder RTL nach aner Medie mat dobäi

Eng zweet Behaaptung zu dësem Sujet wier, datt de Minister sech mat dësem Gilet extra fir RTL hätt wéilten an d'Zeen setzen. Bei dëser Visitt waren awer keng Journalisten, Fotografen oder Kameraleit vun RTL mat dobäi an de Ministère huet och confirméiert, datt sech keng aner Medienhaiser dëser Patrull ugeschloss hunn. Dës Behaaptung entsprécht also net de reelle Fakten.

© Screenshot Facebook

Back to Top
CIM LOGO