UN-Zuele fir 2025350 Secouristen a Krisegebidder ëmkomm

AFP
A Krisegebidder wéi Gaza a Sudan sinn den Zuele vun de Vereenten Natiounen no d'lescht Joer 350 humanitär Secouristen ëm d'Liewe komm.
In Krisengebieten wie dem Gazastreifen und dem Sudan sind Zahlen der Vereinten Nationen zufolge im vergangenen Jahr 350 humanitäre Helfer getötet worden. Der Gazastreifen war mit 186 Toten im dritten Jahr in Folge der gefährlichste Einsatzort.
De Gazasträif war mat 186 Doudegen dat drëtt Joer hannerteneen déi geféierlechst Plaz.
© AFP/Archiv

A Krisegebidder wéi dem Gazasträif an dem Sudan hunn de Vereenten Natiounen no d'lescht Joer 350 humanitär Secouristen hiert Liewen am Asaz verluer. Dobäi ass de Gazasträif zanter 3 Joer mat 186 Doudesaffer déi geféierlechst Plaz, sou den UN-Büro fir d'Koordinéierung vun humanitären Ugeleeënheeten (OCHA). Am Sudan sinn 71 Secouristen ëmkomm.

"An nëmmen dräi Joer goufe méi wéi dausend Rettungsleit ëmbruecht an dat ass inacceptabel", sou d'Urteel vum UN-Coordinateur fir Nouthëllef To Fletcher. "D'Staate musse sech un d'Vëlkerrecht halen an alles maachen, fir Zivilisten an eis Kolleegen ze schützen", sou nach seng Fuerderung. Bei Verstéiss misst et "reell Konsequenze" ginn.

D'Zuel fir fir 2025 läit e bësse méi niddreg wéi nach d'Joer virdru mat 377 doudegen humanitäre Secouristen. Am lafende Joer wiere den UN-Zuelen no weltwäit schonn 82 Secouristen ëmkomm, 97 weiderer goufe blesséiert an 39 verschleeft.

Den Tom Fletcher warnt besonnesch virun arméierten Dronen, déi am Sudan an den éischte 4 Méint vun dësem Joer fir ronn 80 Prozent vun déidleche Virfäll bei Ziviliste responsabel waren. Och am Krich vu Russland géint d'Ukrain géifen Dronen reegelméisseg zivil Ziler treffen. "Arméiert Dronen sinn zum neie Gesiicht vun enger aler Gefor ginn: déi muttwëlleg a récksiichtslos Zerstéierung vun zivillem Liewen", sou de Fletcher.

Back to Top
CIM LOGO