
An der Gemeng Wiefelstede am Ammerland ass e Sonndeg de Moien an enger Lénkskéier e Camion vun der Strooss ofkomm an huet e Bam ze pake kritt. Wéi d'Police vun Oldenburg matdeelt, hat den 52 Joer ale Chauffer ze vill gedronk, bei him si 4,1 Promill gemooss ginn. Well de Mann kee Wunnsëtz an Däitschland huet, gouf eng sougenannte Sicherheitsleistung ordonéiert.
Duerch den Opprall huet sech e gudden Deel vun der Charge geléist. De Camion hat 22 Tonne Meloune gelueden, déi op d'Fuerbunn gebonzelt sinn. Ronn aacht Stonne laang war d'Strooss gespaart bliwwen, de Schued dierft am mëttlere sechsstellege Beräich leien. Nodeems d'Police hir Aarbecht erleedegt hat, hu Passanten sech dierfen zerwéiere bei de Melounen, déi ganz bliwwe waren. Géint de schëllege Chauffer gëtt elo ermëttelt.