
Déi ukrainesch Arméi huet d'Regioun Moskau an der Nuecht op en Dënschdeg mat méi wéi 600 Dronen ugegraff. Dem Buergermeeschter Sergej Sobjanin no wiere 620 Drone gezielt ginn.
Bei den Attacke wieren dräi Persoune blesséiert ginn, dorënner e Kand vun 10 Joer, sou de Gouverneur Andrej Worobjow. Ënner anerem wieren d'Depote vum Online-Händler Wildberries getraff ginn. 180 Dronen hätt d'Loftofwier iwwert der Haaptstad kënnen ofschéissen, heescht et weider vu Moskau.
D'Ukrain wërft dem Handelsnetz vir, an den Transport an d'Lagerung vu Waffen involvéiert ze sinn. Zanter Wochen hëlt Kiew ëmmer rëm Depoten an aner Gebaier mat Relatiounen zu Wildberries an d'Viséier.
Ronn 60 Kilometer vun der ukrainescher Stad Charkiw ewech sinn an der Nuecht op Dënschdeg duerch russesch Rakéitenugrëffer op d'mannst 10 Persounen ëm d'Liewe komm an 8 weiderer blesséiert ginn. Eng Rei Wunngebaier a Geschäfter wiere getraff ginn, heescht et vun der Plaz.
Dem ukrainesche Militär no hätt déi russesch Arméi ausserdeem mat 147 Dronen ugegraff, vun deenen der 111 ofgefaange gi wieren.