Virale VideoZwee Frënn geroden an nämmlecht mësslech Situatioun an engem Wartesall

RTL mat Reuters
Am Wartesall vun engem Spidol am chineesesche Chongging koum et zu enger onerwaarter Zeen, wéi zwee Frënn simultan mam Kapp an der selwechter Bänk festhoungen.

Alles huet domadder ugefaangen, datt ee Mann e Kolleeg op säi Rendez-vous beim Dokter begleet hunn. Wärend de Frënd beim Dokter har war, huet sech säi Begleeder op eng Bänk am Wartesall geluecht, fir hei e bëssen ze raschten. Wéi hie wakereg gouf, ass him opgefall, datt hie mam Kapp an der Aarmleen festhoung. Hien huet probéiert, fir sech aus senger mësslecher Situatioun ze befreien, an deem hien déi verschiddenst Positiounen ageholl huet, wat him awer net gelongen ass. Wat hie sech méi beweegt huet, wat hie méi an der Struktur festhoung.

Eng Persoun, déi d'Saach gesinn huet, huet als éischt emol gefilmt, éier hie gehollef huet. De Frënd vum Betraffenen, dee grad beim Dokter fäerdeg war, koum séier op d'Plaz, fir him ze hëllefen. Trotz de Versich a wuel och gudde Rotschléi vun den zwee anere Männer, konnt sech d'Affer net aus senger mësslecher Situatioun befreien.

Et war dunn deen Ament, wéi d'Saach komplett absurd gouf: Fir ze weisen, wéi hie sech befreie kéint, huet säi Kolleeg sech selwer a fräiwëlleg an déi dach komplizéiert Situatioun beginn. An et koum, wéi et komme misst. Och hien ass direkt stieche bliwwen a konnt sech selwer net méi befreien. Béid houngen also zesummen an der selwechter Bänk an enger ganz änlecher Situatioun fest. A béid konnte sech net méi aus dëser Situatioun befreien. Dëst huet natierlech fir vill Amusement bei den anere Leit am Wartesall gesuergt.

D'Männer hunn dann och probéiert, fir d'Sécherheetspersonal vum Spidol ëm hëllef ze ruffen. Dofir hu si sech mat der Bänk ëm den Hals bei dës deplacéiert. D'Sécherheetsleit hunn, an dat gesäit een net méi um Video, zwou Schrauwe vun der Bänk geléist an de Männer et esou erméiglecht, fir sech aus hirer dach extrem mësslecher Situatioun ze befreien. Kee vun deenen Zwee gouf awer bei dësem Stunt blesséiert.

D'Spidol huet dann och schonn op de Video reagéiert a matgedeelt, datt hir Bänken do sinn, fir sech drop ze sëtzen, wärend ee waart, an net fir sech ze leeën oder do kuerz ze schlofen. D'Visiteure vum Gebai sollte wgl. d'Miwwele fir deen Zweck benotzten, fir dee se och wierklech geduecht sinn. Dëst géif dann och net zu esou cocassen a geféierleche Situatioune féieren.

Back to Top
CIM LOGO