Vogelwaarde an HollandAuto rennt a Grupp vu Cyclisten - antëscht véier Doudeger, dorënner dräi Kanner

AFP
An Holland ass een Autoschauffer an e Grupp vu Cycliste gerannt. Dobäi si véier Leit gestuerwen, dorënner dräi Kanner.
© AFP-Archiv

Véier weider Kanner, déi mam Vëlo op engem Schoulausfluch waren, goufe schwéier blesséiert an d'Spidol bruecht, wéi d'Autoritéite vun der Provënz Zeeland am Süde vum Land en Donneschdeg matgedeelt hunn. Eent vun de véier schwéierblesséierte Kanner sollt seng Verletzungen allerdéngs net iwwerliewen an ass méi spéit gestuerwen.

Zum Accident koum et an der Géigend vum Duerf Vogelwaarde, net wäit vun der belscher Grenz. D'Grupp huet den Autoritéiten no aus 14 Kanner an zwee Betreier bestanen. Den Alter vun de Kanner ass aktuell nach net bekannt.

Net-confirméierte Medieberichter no kéint et sech beim Chauffer vum Auto ëm een 19 Joer ale Mann handelen.

Back to Top
CIM LOGO