Robert Koch InsitutDäitschland huet dëse Summer scho bal 10.000 Doudesaffer duerch d'Hëtzt registréiert

AFP, iwwersat vun RTL
Virun allem d'Hëtztwell Enn Juni hat Auswierkungen. D'Temperaturen, déi deemools gemooss goufen, sinn op ville Plazen op ronn 40 Grad Celsius geklommen. Op enger Rei Plaze goufen Hëtztrekorder vun iwwer 41 Grad Celsius gebrach.
In diesem Sommer hat es in Deutschland bereits fast 10.000 Hitzetote gegeben. Bis zum 19. Juli starben aufgrund hoher Temperaturen geschätzt mindestens 9800 Menschen, wie das Robert-Koch-Institut berichtete.
© AFP/Archiv

Dëse Summer gouf et an Däitschland scho bal 10.000 Hëtztdoudeger. Bis den 19. Juli sinn duerch déi héich Temperature geschat op d'mannst 9.800 Persoune gestuerwen, wéi et en Donneschdeg zu Berlin aus dem Wocherapport vum Robert Koch Institut (RKI) ervirgeet. Dat wier déi héchsten Zuel un Hëtztdoudegen zanter dem Joer 2016. De bis ewell héchste Wäert louch fir d'lescht am Joer 2018 bei geschat 8.900 Hëtztdoudegen.

De gréissten Undeel vun den Hëtztdoudege fält op d'Altersgrupp iwwer 75 Joer. Insgesamt stierwen iwwerdeems och méi Frae wéi Männer duerch extreem Temperaturen, wat sech awer dem RKI no dorobber zeréckféiere léisst, datt et an den eeleren Altersgruppe méi een héijen Taux u Frae gëtt.

D'Hëtzt féier seelen direkt zum Doud. An deene meeschte Fäll ass et eng Kombinatioun aus héijen Temperaturen a Virerkrankungen, wéi zum Beispill Häerz-Kreeslaf-Probleemer, Longen- oder Nierekränkten, déi schlussendlech déidlech ausginn.

Dowéinst gëtt d'Hëtzt um Doudeschäin och net aus Doudesursaach uginn an daucht dowéinst och net an den Doudesstatistiken op. D'Ausmooss vun den hëtztbedéngte Stierffäll gëtt mat der Hëllef vu statistesche Methoden duerch de Verglach vun de Stierffäll an de Summerwoche mat an ouni Hëtzt berechent. Den RKI publizéiert tëscht Juni a September all Woch ee Rapport iwwert déi aktuell Situatioun. Parallel verëffentlecht och dat statistescht Bundesamt Donnéeën zu hëtztbedéngter Stierflechkeet.

D'Auswierkunge vun den héijen Temperaturen an dësem Joer kéinte souguer nach méi héich sinn, wéi et aus dem Hëtztmodell ervirgeet. D'Iwwerstierflechkeet gëtt dem RKI no aktuell op bal 16.000 geschat. Iwwerstierflechkeet heescht, datt an engem bestëmmten Zäitraum méi Leit stierwen, wéi normalerweis ze erwaarde gewiescht wier.

Virun allem d'Hëtztwell Enn Juni hat Auswierkungen. D'Temperaturen, déi deemools gemooss goufen, sinn op ville Plazen op ronn 40 Grad geklommen. Op enger Rei Plaze goufen Hëtztrekorder vun iwwer 41 Grad Celsius gebrach. Dat gouf et an Däitschland an deem Ausmooss bis ewell nach net. Och aktuell sinn d'Temperaturen nees héich, souwuel an Däitschland wéi och an aneren Deeler vu Westeuropa.

Back to Top
CIM LOGO