D'Produktioun fir Atomstroum steet a méi europäesche Länner aktuell staark ënner Drock, well d'Peegelstänn vu ville Flëss ganz niddreg sinn an dowéinst net genuch Killwaasser zu Verfügung ass. A Rumänien sinn zwee Reaktere vum Kraaftwierk Cernavoda ausser Betrib, an Ungarn goufen d'Leitunge vum Wierk Paks gedrosselt. Och a Frankräich goufen an dëser Woch Reaktere wéinst den héijen Temperaturen ofgeschalt.
Cernavoda un der Donau huet zwee Bléck mat Reakteren a gëllt als dat wichtegst Kraaftwierk a Rumänien. Den éischte Reakter war virun e puer Deeg schonn ofgeschalt ginn, en Donneschdeg huet een dunn och den zweeten ausgemaach. De Bedreiwer Nuclearelectrica huet op e Verfaren "am Fall vu schwéierer Dréchent" verwisen. Et ass déi éischte Kéier, datt béid Bléck wéinst dem niddrege Peegelstand vun der Donau ofgeschalt hu misste ginn.
De Floss, dee vum Schwarzwald aus duerch zéng Länner bis zum Schwaarze Mier féiert, huet wéinst dem Manktem u Reen an den Hëtztwellen, déi zanter Mee ëmmer nees opgetruede sinn, a verschidden Ofschnëtter e Rekorddéif erreecht. Och d'Kraaftwierk Paks, deem seng véier Reakteren eng wichteg Bedeitung fir déi ungaresch Stroumversuergung hunn, läit un der Donau.
A Frankräich gouf e Mëttwoch den Owend ee vun den zwee Reaktere vum Kraaftwierk Golftech eng honnert Kilometer nërdlech vun Toulouse wéinst ze héijen Temperaturen ofgeschalt. EDF hat de Reakter schonn tëscht dem 23. Juni an 3. Juli esou wéi tëscht dem 9. a 27. Juli vum Netz geholl, fir d'Flosswaasser vun der Garonne net ze vill opzewiermen.
Well d'Waasser an der Donau esou niddreg ass, wéi nach ni, goufen a Bulgarien Stousszänn a Kieferknache vun engem Mammut fräigeluecht. Wéi et vum Direkter vum regionale Geschichtsmusée heescht, géifen d'Stousszänn "mat grousser Warscheinlechkeet" zu engem Mammut gehéieren, datt wärend der Äiszäit gelieft huet. Si goufen an der Géigend vun der Stad Ruse am Nordoste vum Land fonnt.
Nieft den Zänn an de Kieferknache goufen och nach Deeler vum Schëllerblat a vun engem Uewerschenkel fonnt. Déi donkel Faarf vun de Knachen deit drop hin, datt dat jonkt Déier wuel vill Zäit an engem Sumpf verbruecht huet. Well d'Knache gutt erhale sinn, ass dëst eng glécklech Entdeckung fir Fuerscher. Well d'Knachen all op enger Plaz fonnt goufen, geet ee staark dovunner aus, datt se zu engem Déier gehéieren.