Ronn 8.000 Leit wieren e Mëttwoch den Owend a Sécherheet bruecht ginn, sot eng Vertriederin vun de lokalen Autoritéiten en Donneschdeg vis-à-vis vun der Chaîne ERT.
De Bëschbrand gëtt duerch staarke Wand virugedriwwen a menacéiert eng beléifte Vakanzeplaz. Zwee Pompjeeë si scho gestuerwen. Et geet een dervun aus, datt d'Feier och Haiser a landwirtschaftlech Gebaier zerstéiert huet an datt Notzdéieren ëmkomm sinn. Eng Bilanz gëtt et hei awer nach net.
Eis Redaktiounskolleegin Michèle Sinner ass den Ament op Kreta an der Vakanz a war e Mëttwoch op engem Ausfluch, wéi d'Feier ausgebrach ass. Zréck an den Hotel koume se dunn net méi. Den Hotel selwer ass bis elo vum Feier verschount bliwwen, ma ronderëm wier a kuerzer Zäit scho vill, duerch de staarke Wand, verbrannt.