
Op X hat den Arlington County Fire Department an engem Post matgedeelt, datt ënnert anerem och eng Ekipp, déi sech ëm geféierlecht Material këmmert, am Asaz wier. Weider Detailer gouf et allerdéngs an engem éischten Ament net.
De Spriecher vum Pentagon, de Sean Parnell, sot an engem Statement, datt d'Sécherheetssystemer am Gebai ee "Probleem mat der Loftqualitéit" festgestallt hätten. Dowéinst géifen elo Precautioune geholl ginn, bis d'Ausmooss vun dem Probleem bekannt wier. An deem Kader géifen déi üblech Sécherheetsprotokoller agehale ginn, dorënner och ee Lockdown fir dee betraffenen Deel vum Gebai.
Géint 19:30 Auer eiser Zäit huet de Pentagon-Spriecher Sean Parnell dunn iwwer X Entwarnung ginn. Tester hätte gewisen, datt et keng Gefor géif ginn, Am Pentagon kéint also nees normal weidergeschafft ginn.