MarseilleDéidlech Schéisserei an der Nuecht op e Sonndeg

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no Hallefnuecht an der Nuecht op e Sonndeg koum et zu Marseille zu engem bluddege Virfall.
Vue op Marseille.
Vue op Marseille.
© THIBAUD MORITZ/AFP

E Mann soll am drëtten Arrondissement op aner Leit geschoss hunn, déi op enger Terrass souzen. Een 20 Joer jonke Mann wier dobäi ëm d'Liewe komm a véier weider Persoune wiere blesséiert ginn. Zwee dovunner schwéier. Ënnert den Affer soll och ee Mannerjärege sinn.

Den Täter konnt no der Dot flüchten, heescht et aus Policekreesser. D'Schéisserei huet sech an der Rue d'Amiens, net wäit vun der Cité Bel Horizon, ofgespillt. Eng Géigend, déi fir den Drogenhandel bekannt ass.

Virun e puer Deeg eréischt war ee Mann do ugeschoss a blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO