Zwee Blesséierter beim Kissinger Open AirBauer fiert mat Trakter a Bayern op Wincent-Weiss-Fans duer

AFP, iwwersat vun RTL
Zu Bad Kissingen a Bayern hat wuel ee Bauer eppes géint d'Musek vum Wincent Weiss.
Symbolbild
Symbolbild
© JENS BUTTNER/dpa Picture-Alliance via AFP

De Mann war op enger Wiss, net wäit vum Kissinger Open Air, geziilt mat sengem Trakter op Fans duergefuer. Zwou Persoune goufe verwonnt an et gëtt nach no méigleche weidere Blesséierte gesicht, wéi d'lokal Police e Sonndeg matgedeelt huet.

Den 52 Joer ale Bauer soll de Besëtzer vun enger Wiss sinn, op där Fans net wäit vun deem Terrain stoungen, op deem den Open Air organiséiert gouf, an do e Samschdeg den Owend de Concert vum Wincent Weiss lauschtere wollten. Nodeems d'Police net op d'Fuerderung vum Bauer agaangen ass, d'Wiss ze raumen, huet hie sech dem Problem selwer ugeholl. Hie soll e puer Mol mam Trakter iwwert seng Wiss gefuer sinn, fir d'Fans esou ze verdreiwen. Dobäi wier hien och op d'Leit duergefuer.

D'Polizisten op der Plaz hunn de Bauer um Enn gestoppt kritt, deen du mol fir d'éischt de Fürerschäi lass war. D'Police sicht elo nach no weidere Persounen, déi blesséiert goufen, sech awer nach net gemellt hunn.

Back to Top
CIM LOGO