
Russland huet mat neien Ugrëffswelle géint den ukraineschen Energiesecteur gedreet. D'Arméi géif "massiv Ugrëffer géint Ariichtungen an der Ukrain" preparéieren, sou de Verdeedegungsministère zu Moskau e Sonndeg. Domat wéilt Russland sech géint d'ukrainesch Attacken op russesch Pëtrols- an Energieanlage rächen.
Iwwerdeems klëmmt d'Zuel vum russeschen Ugrëff op e Lager net wäit vu Kiew ewech op antëscht 38 Doudesaffer. D'Feier wier geläscht, ma nach ëmmer wiere Sprengstoffexperten op der Plaz. "D'Ausmooss vun der Kontaminatioun an deem Gebitt ass eminent", sou den ukrainesche President Selenskyj. Bei den Explosioune wieren och e puer Wunngebaier an e Fleegeheem beschiedegt ginn. Hie wéilt déi Responsabel zur Rechenschaft zéien, déi do illegal Munitioun gelagert haten. Et huet sech ëm gréisser Quantitéite Granaten, Minnen an Drone gehandelt.
An der Nuecht op e Sonndeg huet d'russesch Arméi eegenen Aussoen no eng Asbest- an Zementfabrick zu Kiew ugegraff, wou Sprengstoff soll gelagert gewiescht sinn, ma och Dronen a Munitioun hiergestallt gi wieren. D'Ukrain huet gekontert mat enger Attack op eng Raffinerie am Nordoste vu Russland. 42 Drone wieren ofgewiert ginn, heescht et vu Moskau.
Scho leschte Wanter hat Moskau seng Ugrëff op d'Ukrain verstäerkt, virop op Kraaftwierker. Millioune Mënsche waren der Keelt an der Däischtert ausgesat