
Nom schwéieren Äerdbiewen a Kolumbien ass d'Zuel vun den Doudesaffer nees geklommen. En Dënschdegowend mellen déi lokal Autoritéiten op d'mannst 240 Doudesaffer. Am Nomëtteg hat d'Hëllefsorganisatioun Asocapitales, déi d'Hëllefsefforten op der Plaz koordinéiert, nach 132 Doudeger gemellt. HonnerteBlesséierter goufe bis ewell gemellt. Rettungsekippe sichen an der Tëschenzäit ëmmer nach no Iwwerliewenden.
D'Biewen ass e Méindeg de Moien um kuerz no hallwer 8 lassgaangen, den Epizentrum gouf am Weste vum Land, an der Gemeng San José del Palmar am Departement Chocó lokaliséiert, enger relativ aarmer Regioun un der Pazifik-Küst. De kolumbianesche Staatschef Abelardo de la Espriella schwätzt iwwerdeems vun dausende beschiedegten oder zerstéierten Haiser a Gebaier an der Regioun an huet de Katastrophefall ausgeruff.
Besonnesch betraff war den Departement Risaralda mat der Haaptstad Pereira am Weste vum Land, eng Regioun déi bei Touriste beléift ass a virun allem duerch den Ubau vu Kaffi bekannt ass. Den Autoritéiten no goufen et hei Dosenden Doudeger. Vill Doudesaffer gouf et och am Departamento Valle del Cauca mat der Regionalhaaptstad Cali, der drëttgréisster Stad am Land. Och d'Stad Manizales, eng weider Kaffe-Regioun, gouf ganz uerg getraff.