D'Course ëm d'Successioun vum Antonio Guterres ass lancéiertWie gëtt neien UN-Generalsekretär?

Céline Eischen
Déi zwou Mandatsperiode vum aktuellen UN-Generalsekretär sinn esou gutt wéi eriwwer. D'Vereenten Natioune mussen elo e Successeur fannen.
Déi aacht Persounen, déi rezent an de Medien am Kontext vum UNO Generalsekretär genannt goufen.
Déi aacht Persounen, déi rezent an de Medien am Kontext vum UNO Generalsekretär genannt goufen.
© AFP / RTL Grafik

Den aktuellen UN-Generalsekretär Antonio Guterres hällt no 10 Joer op sengem Posten Enn dës Joers op. Mir kucke ween fir d'Successioun a Fro kënnt.

No 10 Joer als Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen ass Enn dës Joers fir den Antonio Guterres Schluss: Zanter 2016 leet de fréiere portugisesche Premier déi zentral Verwaltung vun der UN zu New York a setzt domat fest iwwer wat, wéi an ënner wéi enger Form an de verschiddenen UN-Organer tëscht de Memberlänner diskutéiert gëtt. Eng grouss Aufgab, an déi gëtt och an Zukunft sécher net méi kleng.

Den António Guterres, Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen
Et gëtt e Successeur vum António Guterres als Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen gesicht.
© AFP

Geografesche Rotatiounsprinzip

Traditionell gëtt et, wat d'Hierkonft vum neien UN-Chef ugeet, ee geografesche Rotatiounsprinzip. No West-Europa an deene leschten 10 Joer wier et u sech elo u Latäin-Amerika. Ma et ginn awer och Kandidature vum afrikanesche Kontinent, sou ganz wëlle sech d'Länner also net un dee Prinzip halen. Ugangs dës Joers goufen alleguer d'Länner opgeruff, ee Kandidat ze proposéieren an och idealerweis eng Fra. Et gouf nämlech bis elo nach ni eng UN-Generalsekretärin.

Gëtt et schonn eng Tendenz?

Wann een de Rumeure gleeft, gëtt et déi schonn: Zwou Frae sollen den Ament ganz gutt Chancen hunn. Dat wier zum engen d'Rebecca Grynspan Mayufis, eng Ekonomistin aus Costa Rica a fréier Vize-Presidentin vun hirem Land. Si leet den Ament d'UN Handels- an Entwécklungsorgan UNCTAD. Ee vill gehandelten Numm ass dann och deen vun der Carolyn Rodrigues Birkett: Déi fréier guyanesch Ausseministesch ass aktuell Ambassadrice zu New York, an och vun hirem Land nominéiert ginn.

5 weider Kandidaten

Gutt Chancen ginn och dem Argentinier Rafael Mariano Grossi zougeschriwwen: Dësen huet den Ament ee wichtege Posten, nämlech deen vum Generaldirekter vun der Internationaler Atom-Energie Agence zu Wien. Déi fréier chileenesch Presidentin Michelle Bachelet Jeria huet och gutt Kaarten, si gëtt vu Mexiko a Brasilien ënnerstëtzt. D'Ënnerstëtzung vun hirem Heemechtsland Chile gouf wéinst dem Regierungswiessel zréckgezunn.

Eng weider Kandidatin vum südamerikanesche Kontinent ass dann nach déi ecuadorianesch Politikerin Maria Fernanda Espinosa Garces. Ma och zwee Kandidaten aus Afrika hu sech an der Course lancéiert: de fréiere senegalesesche President Macky Sall, deen zwar net vu sengem Heemechtsland nominéiert gouf, mee vum Burundi, grad esou wéi och de fréieren UN-Ënner-Generalsekretär Olara Otunnu aus Uganda.

Wéi leeft de Selektiouns-Prozess of?

Haaptacteur ass den UN-Sécherheetsrot, a wéi esou dacks muss ee Kandidat bei de 5 permanente Memberen USA, Groussbritannien, Russland, China a Frankräich gutt an der Gonscht stoen.

Den UN-Sécherheetsrot beréit an enger Rei anonymmen Ofstëmmungen iwwer déi verschidde Kandidaten. Déi hunn elo am Juli ugefaangen a solle bis an den Hierscht goen. Bis dohin ass et d'Aufgab, sech op ee Kandidat ze eenegen an dësen dann der UN-Generalversammlung ze proposéieren. Dëse Kandidat gëtt dann iwwer eng einfach Majoritéit confirméiert, bis elo huet sech d'Generalversammlung och nach ni enger Propos vum Sécherheetsrot widdersat. Dat wier awer theoretesch méiglech. Aus dëser éischter Ofstëmmung ass eben hannert de Kulissen erauskomm, datt den Ament, wéi ebe grad gesot, d'Rebecca Grynspan Mayufis an d'Carolyn Rodrigues Birkett d'Nues vir hunn.

Wéi stinn dem FIFA-President Gianni Infantino seng Chancen?

Den Numm vum Gianni Infantino ass rezent an den amerikanesche Medien zirkuléiert: Esou soll den amerikanesche President Donald Trump hien als international respektéiert an als gudde Kandidat bezeechent hunn. Mä eng Ënnerstëtzung vum Trump bréngt hei séier wéineg: Den Gianni Infantino ass Europäer, keng Fra an huet och weider keng diplomatesch Erfarung. Ee Konsens am Sécherheetsrot ass do éischter onwarscheinlech.

De FIFA-President Gianni Infantino wärend dem WM-Match USA-Paraguay.
De FIFA-President Gianni Infantino wärend dem WM-Match USA-Paraguay.
© FREDERIC J. BROWN/AFP

Wéini fält dann elo eng Decisioun?

D'Ofstëmmungen am Sécherheetsrot sollen nach bis an den Hierscht goen. Deemno kann ee sech e Vote an der UN-Generalversammlung am spéiden Hierscht oder fréie Wanter erwaarden. Mä egal wien et gëtt: Et wäert keng einfach Aufgab sinn. An enger Zäit, an där d'Welt ëmmer méi zerspléckt ass an de Multilateralismus och ëmmer méi ugezweiwelt gëtt, stinn Institutioune wéi déi Vereenten Natiounen och verstäerkt ënner Handlungsdrock, fir weider relevant ze bleiwen. Fir déi vill Chantieren, déi et ronderëm d'Welt ginn, wier dat op alle Fall net vu Muttwëll.

Wat mécht een UN-Generalsekretär iwwerhaapt?

Den UN-Generalsekretär ass deen héchsten Verwaltungsbeamten an der Organisatioun vun de Vereente Natiounen: Als Chef vum Sekretariat leet hien d'Organisatioun vun de verschiddenen UN-Organer. Si oder hien hunn och d'Recht, Sujeten op den Ordre du Jour vum Sécherheetsrot setzen ze loossen. D'Aufgab ass et och, am Sënn vun de Vereenten Natiounen, aus enger politescher Neutralitéit eraus ze handelen, an d'Organisatioun um internationale Plateau ze vertrieden. D'Mandat vum UN-Generalsekretär leeft 5 Joer, an traditiounsgeméiss ass d'Mandat op zwou Perioden limitéiert. 

Back to Top
CIM LOGO