Vill Kanner ënnert den AfferOp d'mannst 18 Doudeger bei Verkéiersaccident an Ägypten

RTL Lëtzebuerg
Den ägyptesche Gesondheetsministère schwätzt vu 47 Affer, ënnert hinne ronn 30 Blesséierter.
© AHMED SAYED/Anadolu via AFP

Bei engem uerge Verkéiersaccident an Ägypten sinn op d'mannst 18 Persoune gestuerwen, ënnert den Affer si vill Kanner a Jugendlecher. Wéi Dokteren an der Regioun mellen, sinn en Dënschdeg an der nërdlecher Regioun Ismailia zwee Pick-upe mat Landaarbechter aneneegerannt. De groussen Deel vun den Doudege wiere Kanner am Alter vun 13 oder 14 Joer.

Den ägyptesche Gesondheetsministère schwätzt vu 47 Affer, ënnert hinne ronn 30 Blesséierter. Medien no soll dat jéngsten Affer eréischt 10 Joer al gewiescht sinn.

An Ägypten kënnt et ëmmer nees zu déidleche Verkéiersaccidenter. Affer sinn dacks Mannerjäreger, déi an iwwerfëllte Gefierer op d'Aarbecht gefouert ginn. Offiziellen Zuelen no mussen am Land op d'mannst 1,3 Millioune Mannerjäreger schaffe goen. Et gëtt och geschat, dass an Ägypten tëscht 8-13 Millioune Persounen als Doléiner schaffen, niewent der Landwirtschaft och op Chantieren an an der Produktioun.

Back to Top
CIM LOGO