Arméiert op d'Beamten duergelafPolice erschéisst Mann zu Bielefeld

AFP, iwwersat vun RTL
Virum Tëschefall hat eng Fra der Police matgedeelt, dass si hire Frënd, deen eng Waff bei sech hätt, an hirer Wunneng agespaart hätt.
© RTL

Zu Bielefeld an Däitschland huet d'Police en Dënschdeg en arméierte Mann erschoss. Wéi et vun der Police selwer heescht, wier de Mann mat enger Waff am Grapp op d'Beamten duergelaf, déi doropshin op de Mann geschoss hätten. De Mann gouf dobäi déidlech vun enger Kugel getraff. Iwwer seng Identitéit ass bis ewell näischt gewosst.

Virun dësem Tëschefall hat eng Fra der Police matgedeelt, dass si hire Frënd, deen eng Waff bei sech hätt, an hirer Wunneng agespaart hätt. Si selwer hätt kënnen aus dem Gebai flüchten. D'Police ass doropshi mat e puer Unitéiten, dorënner och d'Spezialunitéit, op d'Plaz gefuer an huet e Sécherheetsperimeter ëm d'Gebai gezunn.

De Mann wier schliisslech baussent dem Gebai opgedaucht a mat enger Waff op d'Beamten duergelaf. Ëm wéi eng Zort vu Waff et sech dobäi genee gehandelt huet, wollt e Policespriecher op Nofro hin net soen. Begrënnt gouf dat mat de lafenden Ermëttlungen.

Back to Top
CIM LOGO