Police70 Verstéiss bei gréisserer Kontroll an der Stad an op Diddelenger A3

RTL Lëtzebuerg
D'Police hat an de leschten zwee Deeg gréisser Kontrollen an der Stad an op der A3 no bei der franséischer Grenz duerchgefouert.
D'Police huet méi genee kontrolléiert.
D'Police huet méi genee kontrolléiert.
© Police

Am Ganze goufe bei de Kontrollen e Mëttwoch an en Donneschdeg 70 Verstéiss festgestallt. Dorënner hu 26 Chaufferen e Protokoll kritt well si den Handy wärend dem fueren benotz haten, wat si 250 Euro a 4 Punkte kascht huet. Eng 10 Automobilisten hu missen 49 Euro bezuele well si entweder getut oder geblénkt hunn, ouni valabele Grond. Des Weideren haten zwee weider Chauffere kee valabele Fürerschäi bei sech an ee Motorrad gouf saiséiert.

Landeswäit Kontrollen

D'Police huet dann och landeswäit Kontrolle gemaach mam Schwéierpunkt "mobilité douce". An deem Kader goufen am Ganzen 102 E-Trottinette souwéi 11 Fatbikes kontrolléiert. Dobäi huet d'Police 38 Verstéiss festgestallt. An 10 Fäll gouf d'Gefier saiséiert, well domat ze séier gefuer gouf.

Et gouf dann och nach 10 Protokoller wéinst anere Verstéiss wéi zum Beispill zwee Mannerjäreger op enger E-Trottinett, dorënner e Kand ënner 10 Joer; well um Trëttoir gefuer gizuf, se d'Kopfhörer unhaten oder wärend dem Fueren den Handy am Grapp haten.

Da mellt d'Police nach, dass an zwee Fäll huet missen de Permis agezu ginn, ënner anerem well eng Persoun refuséiert hat, en Alkoholtest ze maachen.

Mann an Arrest

En anere Virfall gouf et nach an der Nuecht op e Freideg mat enger staark alkoholiséierter Persoun. D'Police war op Rëmeleng an en Appartement geruff ginn, well do e Mann an eng Fra hefteg gestridden hunn. D'Patrull huet de Mann, deen d'Wunneng do scho verlooss hat, matten op der Strooss ugetraff. Well hien do eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet a puer Mol opgefuerdert gouf d'Fuerbunn ze verloossen, ouni ze follegen, koum hien an Arrest.

Back to Top
CIM LOGO