Och 384 Touriste vermësstOp d'mannst 95 Doudeger no schroem Äerdrutsch am Nepal - Zuel wäert wuel nach klammen

AFP, iwwersat vun RTL
No massiven Iwwerschwemmungen am Himalaya-Staat Nepal ginn ënner anerem Honnerten Touriste vermësst.
© PRAKASH MATHEMA/AFP

Am Nepal goufe ganz Dierfer wéinst Iwwerschwemmungen am Grenzgebitt mat ewechgespullt, déi duerch staarke Reen ausgeléist goufen. No engem virleefege Stand hätt et vun 403 Touriste kee Liewenszeeche ginn, dorënner 341 Auslänner, huet et vun der nepaleesescher Tourismusagence e Mëttwoch geheescht. D'Waasser- a Bullismassen hu ganz Uertschaften an d'Infrastruktur an der nepaleesescher Provënz Bagmati zerstéiert, wéi ënner anerem och op Videoopnamen ze gesi war.

D'Autoritéite schaffen dorunner, den Openthalt vun den Touristen ze klären, esou d'Agence. D'Police huet bis ewell e Mëttwoch géint 16 Auer eiser Zäit op d'mannst 95 Doudesaffer confirméiert. 28 Poliziste wieren och nach vermësst. D'Ausmooss vun der Katastroph ass nach onkloer an d'Policebeamte konnten zu ville vun hiren Aarbechtskollegen an de betraffene Gebitter nach kee Kontakt hierstellen.

Et ass ze erwaarden, datt d'Zuel vun den Doudegen nach klëmmt. Chineesesch Staatsmedie schwätzen ausserdeem vun op d'mannst dräi Doudesaffer am Tibet.

Ënnert de vermëssten Touriste wiere Leit aus den USA, Indien, Malaysia a Groussbritannien, genee wéi 62 Touristen aus dem Nepal, huet et vun der nepaleesescher Tourismusagence geheescht. Dat däitscht auswäertegt Amt sot, et hätt ee keng Informatiounen, datt Däitscher betraff wieren.

Op d'mannst 19 Doudeger no schroem Äerdrutsch am Nepal
No massiven Iwwerschwemmungen am Himalaya-Staat Nepal ginn Honnerten Touriste vermësst. Zu der lokaler Populatioun ginn et den Ament nach keng Zuelen.

"Ech hu gesinn, wéi d'Waassermassen aacht oder néng Camione mat ewechgerappt hunn, donieft Haiser a Mënschen", esou de Léierer Suman Chalise aus dem nepaleesesche Bezierk Nuwakot. "Et war ganz schlëmm. Esou eng Zerstéierung hunn ech nach ni gesinn." D'nepaleesesch Arméi huet Helikopteren a Rettungstrupps an d'Katastropheregioun geschéckt. Eng Rei grouss Verkéiersachse si blockéiert.

Wat genee den Äerdrutsch kéint ausgeléist hunn, ass nach onkloer. Den nepaleeseschen Ausseminister Shishir Khanal sot allerdéngs, warscheinlech hätt een Äerdbiewen den Äerdrutsch ausgeléist, deen dunn ee Floss blockéiert hätt. Dat hätt dunn eng Sturzflut verursaacht.

Een Expert geet dovunner aus, datt d'Gefor nach net eriwwer ass. Wéinst engem blockéierte Waasserlaf tëscht dem Nepal a China "kéint eng zweet Flut optrieden", esou de Qianggong Zhang, de Chef vum Departement fir Klima- an Ëmweltrisiken am International Centre for Integrated Mountain Development (Icimod), der AFP géigeniwwer.

Back to Top
CIM LOGO