Accès vu Jonker op 2 Stonne limitéiertMeta bezilt iwwer 16 Milliarden Dollar, fir Geriichtsprozess an den USA z'evitéieren

RTL Lëtzebuerg
Meta huet sech an engem Geriichtsprozess iwwer méiglech Gesondheetsrisike vu senge soziale Medie fir Kanner a Jugendlecher mat der Géigepartei gëeenegt.
De Profil, géint deen ermëttelt gëtt, huet iwwer Instagram zu gewalttätege Videoen opgeruff.
© ISMAIL ASLANDAG/Anadolu via AFP

D‘Mammenhaus vu Facebook, Instagram a Whatsapp huet sech deemno engagéiert méi wéi 16 Milliarden US-Dollar un déi sëllegen US-Bundesstaaten ze bezuelen, déi géint Meta geklot haten.

Donieft solle Jugendlecher d‘Meta-Reseauen an Zukunft nëmmen nach maximal zwou Stonne pro Dag an och net an der Nuecht kënnen notzen. Mat dësem Accord evitéiert de Konzern e Prozess.

Knapp 30 amerikanesch Bundesstaaten hate Meta reprochéiert, seng sozial Medien esou gemaach ze hunn, datt Kanner a Jugendlecher süchteg duerno ginn.

Back to Top
CIM LOGO