Referendum an der Schwäiz55 Prozent si géint eng Bevëlkerungsgrenz

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass an der Schwäiz driwwer ofgestëmmt ginn, ob d'Awunnerzuel an Zukunft op 10 Millioune limitéiert soll ginn.
E Plakat iwwer de Referendum
E Plakat iwwer de Referendum
© STEFAN WERMUTH/AFP

An engem Referendum hu sech 55 % vun de Schwäizer géint eng Begrenzung vun der Awunnerzuel ausgeschwat: Iwwer déi sougenannt Nohaltegkeetsinitiativ vun der riets-populistescher SVP ass an de leschte Wochen, net just, an der Schwäiz hefteg diskutéiert ginn. Der Partei hier Iddi war et, d'Awunnerzuel op 10 Milliounen, an domat och d'Migratioun ze limitéieren, dat well Infrastrukturen duerch eng grouss Zouwanderung vu Salariéen, besonnesch aus der EU, un hier Limitte géife stoussen. Eng Allianz vu Vertrieder aus der Ekonomie a Mëtt-Lénks Parteie kruten et mat hire Campagnen hin, datt sech eng knapp Majoritéit vu 55 % um Enn géint dës Initiativ ausgeschwat huet.

D'rietspopulistesch Schwäizer Vollekspartei wëll mat der Volleksinitiativ déi - an hiren Ae - massiv an onkontrolléiert Zouwanderung limitéieren. D'Partei schwätzt vun enger Explosioun vun der Populatioun mat där d'Land iwwerfuerdert wier.

Aktuell huet d'Schwäiz ronn 9,1 Milliounen Awunner. Wann d'Initiativ ugeholl gi wier, misst bei enger Awunnerzuel vun 9,5 Milliounen am Asylberäich a beim Familljennowuess agegraff ginn.

Déi Gréng sinn erliichtert, datt d'Vollek d'Initiativ ofgeleent huet a fuerderen d'Regierung op, d'Zesummenaarbecht mat der EU ze verstäerken. D'Partei "Die Mitte" ass der Meenung, datt d'Vollek konkret Léisungen erwaart beim Fachkräftemangel, den deiere Wunnengen an den iwwerlaaschten Infrastrukturen. D'Politik muss elo handelen. Och d'Wirtschaft an d'Gewerkschafte begréissen d'Resultat.

Back to Top
CIM LOGO