Kris zu CeutaEU hëlleft Spuenien mat ronn 115 Milliounen €

AFP, iwwersat vun RTL
Den 30. an 31. Juli waren iwwer 72.000 Leit - de Gros dovun aus Marokko - zu Fouss op Ceuta komm.
De President a Buergermeeschter vu Ceuta Juan Jesus Vivas am Kader vun enger Pressekonferenz am EU-Parlament.
De President a Buergermeeschter vu Ceuta Juan Jesus Vivas am Kader vun enger Pressekonferenz am EU-Parlament.
© DURSUN AYDEMIR/Anadolu via AFP

Nom massiven Undrang vu Migranten op déi spuenesch Exklav Ceuta an Nordafrika stellt d'EU eng Nouthëllef an Héicht vun 114,7 Milliounen € fir Spuenien bereet. D'Sue sollen engersäits an den Ausbau vun der Iwwerwaachung vun der Grenz an an d'Expulsioun vun illegalen Awanderer fléissen, anerersäits awer och an den Ausbau vun den Opname-Kapazitéiten zu Ceuta, heescht et dozou vun der EU-Kommissioun. Ausserdeem sollen d'Administratiounen zu Ceuta verstäerkt Hëllef vun der EU-Agence fir de Grenzschutz Frontex, vun Europol a vun der EU-Agence fir Asyl kréien.

Den 30. an 31. Juli waren iwwer 72.000 Leit - de Gros dovun aus Marokko - zu Fouss op Ceuta komm. Déi meescht vun hinne goufe kuerz drop zeréckgewisen oder si fräiwëlleg nees gaangen. Ugangs September solle sech der spuenescher Regierung no nach ronn 5.000 Migranten an der Exklav ophalen. Op d'mannst 91 Persoune ware beim Undrang ëm d'Liewe komm.

Spuenien huet Enn August eng Demande op Nouthëllef vun der EU an op zousätzlech Hëllef vun deene genannten EU-Agencen agereecht.

Back to Top
CIM LOGO