MalaysiaFënnef Doudeger, nodeems Helikopter mat Dokteren eroffält

AFP, iwwersat vun RTL
An der Regioun Sarawak am Nordweste vun der malaysescher Insel Borneo ass en Helikopter mat Dokteren u Bord iwwert enger ofgeleeëner Flugpist erofgefall, woubäi alleguer d'Passagéier ëm d'Liewe koumen.
E Rettungshelikopter an der Loft
E Rettungshelikopter an der Loft
© STEFAN SAUER/dpa Picture-Alliance via AFP

Nieft enger medezinescher Versuergungsekipp vun de sougenannte "Flying Doctors" wier ënnert den Doudegen och de Pilot, esou d'Autoritéiten. D'Ongléck war eng 315 Kilomter südëstlech vun der Stad Miri.

Op Videoen, déi an de soziale Medien zirkuléieren, ass ze gesinn, wéi kuerz virum Oprall Damp aus dem Helikopter kënnt. Firwat d'Maschnn genee erofgefall ass, ass bis ewell net gewosst, d'Autoritéiten hunn awer eng entspriechend Enquête lancéiert.

Déi sougenannt "Flying Doctors" suerge fir d'medezinesch Versuergung vun indigeene Communautéiten an ofgeleeëne Regiounen. Esou Siidlunge ginn an der Reegel an engem Ofstand vun engem oder zwee Méint besicht.

Back to Top
CIM LOGO