BréisselEU wëll méi streng Reegele fir kuerzfristeg Locatiounen iwwer Airbnb

RTL Lëtzebuerg
D‘EU-Kommissioun huet dräi nei Gesetzespropositioune gemaach. Eng dovu soll fir méi abordabele Logement suergen.
Eenheetlech Reegele géint kuerzfristeg Wunnengslocatiounen iwwer Plattformen ewéi Airbnb
© NIKOS PEKIARIDIS/NurPhoto via AFP

Notamment soll et eenheetlech Reegele ginn, wéi lokal Autoritéiten an der EU kënne géint kuerz Locatioune vu Wunnenge virgoen. Déi proposéiert Reegele viséiere kommerziell Acteuren an net Privatleit, déi hir Wunneng verlounen, wa si selwer net do sinn.

Gréisser Stied wéi Lissabon oder Barcelona hu schonn esou Restriktiounen agefouert. Mat engem EU-Reglement kéint déi legal Basis dofir gestäerkt ginn.

Well Locatiounswunnengen immens beléift si bei Touristen a Proprietären mat deem kuerze Verloune méi Sue verdéngen, wéi wa si regulär verlounen, verschwannen ëmmer méi Wunnenge vum normale Logementsmarché respektiv d‘Loyere ginn an d‘Luucht.

Déi aner Propositioun soll déi europäesch Reegele fir Marché publicë moderniséieren. Notamment soll domat kloergestallt ginn, wéi staatlech a kommunal Acteure sech dierfe fir Offere vun europäeschen Entreprisen decidéieren, amplaz fir déi vu Betriber aus Drëttstaaten. Dem EU-Industriekommissär Stéphane Séjourné no misste staatlech Gelder méi strategesch agesat ginn. Grad well Länner wéi China, Indien an d‘USA dat scho laang maachen, fir hir eegen Industrie a Wirtschaft z‘ënnerstëtzen.

Ëffentlech Ausschreiwunge maache ronn 15 Prozent vum PIB an der EU aus, heescht et vun der Kommissioun. Dobäi geet et zum Beispill ëm d‘Equipement vu Schoulen a Spideeler oder Infrastruktur wéi Stroossebau.

Back to Top
CIM LOGO