AarbechtsaccidentZwee Doudesaffer bei Explosioun a Schwäizer Waasserkraaftwierk

AFP, iwwersat vun RTL
Bei engem vun den Doudesaffer handelt et sech ëm e 55 Joe ale Schwäizer Staatsbierger.
Eng Ambulanz vum Schwäizer Rettungsdéngscht
Eng Ambulanz vum Schwäizer Rettungsdéngscht
© GODONG/BSIP via AFP

Zu Piotta am Süde vun der Schwäiz ass et e Mëttwochmoien zu engem uergen Aarbechtsaccident komm. Bei enger Explosioun am Waasserkraaftwierk Ritom sinn zwou Persoune gestuerwen. Dat huet d'Police vum Kanton Tessin confirméiert. D'Ursaach vun der Explosioun wier bis ewell net gewosst, heescht et weider vun der Police.

Bei engem vun den Doudesaffer handelt et sech ëm e 55 Joe ale Schwäizer Staatsbierger. Dat anert Affer muss nach identifizéiert ginn. Onmëttelbar no der Explosioun huet et geheescht, dass zwou Persoun schwéiert blesséiert goufen. Duerno gouf da matgedeelt, dass allebéid un hire Blessure gestuerwe sinn.

D'Gebai vum Waasserkraaftwierk wier bei der Explosioun schwéier beschiedegt ginn. D'Rettungsdéngschter goufe wéinst engem Feier alarméiert.

Back to Top
CIM LOGO