
"D'Behiewe vum Problem vum System haut huet méi laang gedauert, wéi mir erwaart haten", huet déi brittesch Fluchsécherung NATS op X en Dënschdeg den Owend geschriwwen. De Problem wier awer elo behuewen, "a mir schaffen nees normal a maachen alles, fir de Réckstau u Vollen ofzebauen".
De gréisste Fluchhafen Heathrow am Weste vu London huet en Dënschdeg confirméiert, datt dësen an de Gatwick Airport zu de betraffene Fluchhäfe gehéieren. Och d'Fluchhäfe vu Liverpool, Birmingham an Edinburgh ware betraff. Och de Fluchhafen zu Dublin an Irland huet Dosende Volle missen annuléieren.
British Airways huet matgedeelt, datt si iwwer 100 Flich hu missen annuléieren oder deviéieren. Zéngdausende Clientë ware betraff. Déi iresch Bëllegfluchgesellschaft Ryanair huet iwwer 50 Vollen annuléiert. Deemno ware 65.000 Passagéier betraff.
Och Lëtzebuerg war betraff. En Dënschdeg den Owend waren all d'Flich vun an op London-Stansted oder London-City ofgesot ginn, wéi um Site vu lux-airport ze gesinn ass.
Schonn zejoert hu wéinst enger technescher Stéierung sëllege Flich vun an a Groussbritannien missen annuléiert ginn. De Virfall am Juli d'lescht Joer hat bei de Cheffe vun de Fluchgesellschafte fir groussen Onmutt gesuergt.