
Den Iran huet no der US-Attack op e Pëtrolstanker d'Attacken op US-Ziler an der Golfregioun verstäerkt an zitt domat déi regional Alliéiert vun den USA nach méi déif an de Krich eran. Déi iranesch Revolutiounsgarden hunn e Mëttwoch erkläert, datt si 20 US-Schëffer ugegraff hunn, wéi dës probéiert hunn, duerch d'Strooss vun Hormus ze kommen. Jordanien mellt, datt een 18 iranesch Rakéiten ofgeschoss hätt.
Et wieren "zwee US-Schëffer, aacht Pëtrolstanker an zéng Schëffer" ugegraff ginn, déi sech "net un d'Virschrëfte" gehalen hätten, mellt déi staatlech iranesch Noriichtenagence Irna. D'Schëffer hätte probéiert, duerch "déi gespaart an onsécher Zon vun der Strooss vun Hormus" ze kommen.
Eréischt en Dënschdeg hunn d'USA hir Sanktioune géint den Iran weider verschäerft: Den US-Finanzministère huet Sanktioune géint all iranesch Fluchgesellschafte verhaangen, déi bis ewell nach net dovu betraff waren. Am ganze si 36 iranesch Airlines an Entreprisen an der Loftfaart a Länner wéi de Vereenegten Arabeschen Emirater, der Tierkei, Malaysia a Kasachstan betraff.
Virun de rezenten Attacken e Mëttwoch haten déi iranesch Revolutiounsgarden annoncéiert, no US-Attacken op seng Schëffer als Revanche Pëtrolstanker viru Kuwait a Bahrain unzegräifen. D'Besatzunge goufen an deem Kontext opgeruff, d'Schëffer ze verloossen. D'Schëffer géingen egal wéi ugegraff ginn. Donieft mellt Irna, datt d'Revolutiounsgarden als "Strof" fir US-Attacken de Loftwaffestëtzpunkt Al-Asrak "mat massive Rakéitenattacke getraff" hätten.
Jordanien huet méi spéit gemellt, datt een 18 iranesch Rakéiten ofgeschoss hätt. D'Loftofwiersystemer vum Kinnekräich hätten "20 ballistesch Rakéiten ofgefaangen, déi op jordaneschem Gebitt ofgeschoss goufen", esou déi jordanesch Arméi e Mëttwoch. Dovu wieren 18 Rakéite mat Succès "ofgefaangen an zerstéiert" ginn. Zwou Rakéite waren deemno an onbewunnt Gebidder ageschloen.
Do virdrun hat d'US-Arméi matgedeelt, bei enger Attack fënnef iranesch Pëtrolstanker an der Golfregioun zerstéiert ze hunn. D'US-Truppen hätten d'Besatzungen ugewisen, d'Schëffer ze verloossen, "éier dës getraff a manövréieronfäeg gemaach" gi wieren, heescht et vum US-Regionalkommando Centcom en Dënschdeg. D'Attacke wieren "eng Reaktioun op déi rezent gescheitert Attacke" vun den iranesche Revolutiounsgarde mat ballistesche Rakéiten op en US-Krichsschëff gewiescht.