Oppene Bréif un d'EU-KommissiounOplage fir d'Plattformen amplaz generell Alterslimitt fir Social Media

AFP, iwwersat vun RTL
Eng generell Alterslimitt fir déi sozial Medie géing d'Responsabilitéit fir d'Sécherheet komplett bei de Jugendleche selwer an dësen hiren Elteren oflueden.

132 Organisatiounen a Fuerscher hu sech en Dënschdeg an engem oppene Bréif fir Ännerungen u grousse Social-Media-Plattforme wéi Instagram an Tiktok amplaz vun enger genereller Alterslimitt fir d'Notzer ausgeschwat. Am Bréif heescht et, dass Kanner altersgerecht digital Déngschter verdéngt hätten an och bräichten.

D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, wëll d'nächst Woch d'Pläng vun der Kommissioun fir eng Alterslimitt op de soziale Medie presentéieren. Eng Rei EU-Länner hunn hirersäits scho Pläng fir eng Alterslimitt fir déi sozial Plattformen, dorënner jo och Lëtzebuerg. De franséische President Macron huet d'Kommissioun iwwerdeems opgefuerdert, eng EU-wäit Limitt vu 15 Joer ze proposéieren, wéi se och a Frankräich geplangt ass.

Vun den Organisatiounen an den Experten ass et iwwerdeems d'Warnung, dass en allgemengt Verbuet d'Responsabilitéit fir d'Sécherheet am Internet komplett bei de Jugendleche selwer an deenen hiren Eltere géif oflueden. Zu de Signataire vum Bréif zielen ënner anerem Amnesty International an dat däitscht "Zentrum gegen digitalen Hass". Amplaz enger genereller Alterslimitt sollt d'Kommissioun Standarde festleeën, un déi d'Plattforme sech missten halen, wa si fir Jonker ab engem bestëmmten Alter wéilte fräigeschalt ginn. D'EU hätt d'Muecht, dës Standarden ze setzen a vun den Tech-Entreprisen de Beweis ze verlaangen, dass si dës erfëllen.

Back to Top
CIM LOGO