
En Dënschdeg de Moie fréi géint 3 Auer ass zu Albufeira an der Algarve en alkoholiséierte Chauffer mat sengem Gefier duerch eng belieften Touristemeil gefuer an huet dobäi 16 Persoune blesséiert. Den 33 Joer ale Mann hat sech net un d'Signaler vun der Police gehalen, stoen ze bleiwen. Vun den Autoritéiten heescht et, dass ënnert de Blesséierten och zwee Poliziste wieren. Eng Persoun géing a Liewensgefor schwiewen.
Déi meescht Affer wiere Jonker tëscht 18 an 22 Joer, sou de portugiseschen Inneministère. Ënnert hinne wier eng 20 Joer al Duechter vun Immigranten, déi zu Lëtzebuerg liewen. Et wier hiren éischten Dag Vakanz gewiescht zu Albufeira, sou e Monni vun der Fra géintiwwer lokale Medien. Si wier schwéier blesséiert, misst staark Medikamenter huelen, mee wier awer bei Bewosstsinn, sou de Mann weider.
De schëllege Chauffer konnt op der Plaz gestallt a verhaft ginn. Hien hat 1,29 Promill Alkohol am Blutt a muss sech warscheinlech viru Geriicht veräntweren.