Zu Talange hei vir a FrankräichLäich an engem klengen Niewefloss vun der Musel fonnt ginn

RTL Lëtzebuerg
U sech sollten zwee Autoen aus dem Floss gebuerge ginn, wéi d'Läich an engem vun den Autoen entdeckt ginn ass.
Symbolfoto
Symbolfoto
© GRICHKA BEYSSON-LEANDRI/Hans Lucas via AFP

Zu Talange hei vir a Frankräich ass en Donneschdeg de Moien eng Läich an engem klengen Niewefloss vun der Musel fonnt ginn. Wéi franséisch Medie mellen, sollten u sech zwee Autoen, déi am Floss louchen, erausgeholl ginn. Ma wéi d'Taucher en Donneschdeg confirméiere sollten, wou d'Gefierer genau sinn, hu si festgestallt, dass an engem vun den Autoen eng Läich louch. Doropshi sinn dunn d'Taucher vun der Police an den Asaz komm, ier d'Läich schliisslech erausgeholl gouf. Eréischt duerno ass dunn och den Auto gebuerge ginn, deen elo nach weider wäert ënnersicht ginn. Eng Obduktioun soll iwwerdeems d'Doudesursaach a virun allem d'Identitéit vum Affer klären.

Back to Top
CIM LOGO