Interview mam Politikwëssenschaftler Josip GlaurdićLëtzebuerger Bléck op d'Geopolitik: Krich an Energiepräisser maachen de Leit Suergen

Cédric Ferry
Dat internationaalt Ëmfeld gëtt méi onsécher. Ma wéi blécken d'Leit zu Lëtzebuerg op dës Problemer a wéi eng Suitte sollt d'EU doraus zéien? Doriwwer hu mir mam Politolog Josip Glaurdić vun der Uni Lëtzebuerg geschwat.
Krich an Energiepräisser maachen de Lëtzebuerger Suergen
Dat internationaalt Ëmfeld gëtt méi onsécher. Ma wéi blécken d'Leit zu Lëtzebuerg op dës Problemer a wéi eng Suitte sollt d'EU doraus zéien?

Europa an domadder Lëtzebuerg gesi sech mat enger internationaler Situatioun konfrontéiert, déi enorm erausfuerderend ass: An der Ukrain spillt sech zanter bal véier Joer - direkt an der europäescher Peripherie - e Krich vun enger Gréisst of, wéi mer en zanter dem zweete Weltkrich net méi gesinn hunn. Dobäi kënnt eng Situatioun am Noen Osten, déi sech zanter den Terrorattacke vum Oktober 2023 ëmmer weider destabiliséiert, an déi, zanter dem Ufank vun der amerikanesch-israeelescher Attack op den Iran nach méi onroueg ginn ass. Dobäi komme systeemesch Risiken, wéi de Klimawandel, Cyberattacken oder sougenannt hybrid Menacen.

Dës Entwécklungen hunn en Impakt dorop, wéi d'Leit zu Lëtzebuerg dat internationaalt Ëmfeld an d'Riske fir d'europäesch an d'Lëtzebuerger Sécherheet wouerhuelen a wéi ee Bléck si dorop hunn, wéi gutt Europa a Lëtzebuerg opgestallt sinn, fir sech an der Welt ze behaapten. D'Luxsentinel-Etüd vum "European Strategy Institute Luxembourg" beschäftegt sech mat dëse Froen an huet dofir esouwuel Experten, ewéi och Membere vum Public no hirer Meenung gefrot.

Mir hu mam Professor Josip Glaurdić vun der Uni Lëtzebuerg iwwert d'Etüd geschwat, an doriwwer, wéi eng Suitten d'Lëtzebuerger Politik aus dëser misst zéien. De Josip Glaurdić ass zesumme mam Christophe Lesschaeve Co-Auteur vun der Luxsentinel-Etüd.

An dësem éischte vun zwee Artikele kucke mir dorop, wéi de Lëtzebuerger Public, dat internationaalt Ëmfeld wouerhëlt, wou hien déi gréisste Riske fir d'europäesch Sécherheet gesäit a wéi eng Suitten een op EU-Niveau misst doraus zéien. Am zweeten Deel geet et verstäerkt ëm d'Vue op d'Sécherheet vu Lëtzebuerg an dorëms, wéi Lëtzebuerg sech am beschte sollt op europäeschem Niveau abréngen, fir seng eege Sécherheet ze fërderen.

D'Experten an de Public hunn ënnerschiddlech Vuen op Sécherheet, déi sech awer komplettéieren

Eng éischt Saach, déi opfält, ass, dass Experten an de Public eng aner Siicht op d'Menacë fir d'europäesch an d'Lëtzebuerger Sécherheet hunn. Experte maache sech éischter Suergen ëm systeemesch Menacë fir d'europäesch a lëtzebuergesch Sécherheet. De Grand public gesäit d'Sécherheet dogéint éischter duerch direkt Menacen a Gefor. E puer Zuelen illustréieren de Constat vun der Etüd: 47 Prozent vun den Experte gesinn d'Erosioun vun enger reegelbaséierter internationaler Uerdnung als gréisst Menace fir d'europäesch Sécherheet. Beim Grand Public gesäit mat 13 Prozent just e klengen Deel dëse Risk. Anescht gesäit et bei der Menace vun engem arméierte Konflikt an oder no bei Europa aus. Dee Risk gesi 44 Prozent vum Public a 40 Prozent vun den Experten. 28 Prozent vun de Leit gesinn dogéint den Terrorismus als gréisst Menace fir d'europäesch Sécherheet iwwerdeem nëmme sechs Prozent vun der Experte-Communautéit dëser Meenung sinn.

Och bei der Fro, wat déi gréisste Menacë fir den ekonomesche Wuelstand sinn, ginn d'Äntwerte vun den Experten an dem Public auserneen: 41 Prozent vun den Experte gesinn technologesch Ofhängegkeeten a Vulnerabilitéite géigeniwwer Drëttstaaten als gréisst Bedroung. Där Meenung sinn nëmmen 21 Prozent vum Public.

Op Lëtzebuerg bezunn, gesinn d'Hallschent vun den Experten déi sougenannten hybrid Menacen als gréisste Sécherheetsrisiko, géigeniwwer 35 Prozent vun de Membere vum Grand public. 22 Prozent vun de Leit sinn dogéint der Meenung, dass den Terrorismus déi gréisste Menace fir Lëtzebuerg ass. Vun den Experte gesinn nëmme 5 Prozent dat esou.

Fir de Josip Glaurdić ass wéineg iwwerrascht, dass d'Experten an de Public ënnerschiddlech Siichtweisen op d'Sécherheetsrisiken hunn. Déi meescht Membere vum Grand Public géifen net onbedéngt systematesch iwwer Sécherheet nodenken. Si géifen deementspriechend virun allem déi Saache gesinn, déi en direkten Impakt op hiren Alldag hunn, wéi zum Beispill d'Energiepräisser respektiv, mat deene si alldeeglech an de Medie confrontéiert sinn, wéi d'Kricher an der Ukrain an am Noen Osten. Béid Siichtweisen, déi systeemesch an déi op d'alldeeglech Saachen, géife sech net ausschléissen. Si géife villméi zesummenhänken, sou de Politolog vun der Uni Lëtzebuerg: "Ech gesi se net als Saachen, déi sech géigesäiteg ausschléissen. Et ass just eng interessant Manéier op déi mir gesinn, wéi verschidden Deeler vun der Bevëlkerung d'Realitéit wouerhuelen. Béid Manéieren hänken natierlech zesummen. Déi onmëttelbar Menacen, zum Beispill fir d'Energieversuergung ginn duerch de Kollaps vum globale System vun Normen, dee mer grad beobachten, verursaacht. Béid Saache sinn esou staark matenee verbonnen, dass ech déi Ënnerscheeder an der Perceptioun net ze staark géif bewäerten."

Et wier deementspriechend un der Politik, fir de Leit kloer ze vermëttelen, dass d'Kricher, déi et am Moment ginn an d'Erausfuerderungen, wéi d'Haussë vun den Energiepräisser op systematesch Ursaachen, wéi d'Erosioun vun der reegelbaséierter internationaler Uerdnung zeréckzeféiere sinn. D'Leit missten erkläert kréien, dass een d'Probleemer, déi si an hirem Alldag begéinen, nëmme kéint léisen, wann een déi grouss systeemesch Erausfuerderungen ugeet.

D'USA gëllen net méi als séchere Partner

Europa a Lëtzebuerg kënnen dës Erausfuerderungen ouni Alliéierter net effikass ugoen. Ma wie gëtt eigentlech nach als Alliéierte wouergeholl a wie gëllt antëscht als Géigner? Och hei hunn d'Experten an de Public ënnerschiddlech Usiichten. Am Allgemenge geet aus der Etüd ervir, dass allebéid déi nämmlecht Länner als Alliéierter an als Géigner gesinn. Allerdéngs gesinn d'Experten d'Alliéiert méi staark als Alliéiert an d'Géigner méi staark als Géigner. De Grand Public huet a béid Richtunge manner staark Usiichten.

De Josip Glaurdić erkläert, dass dee Constat awer virun allem gëllt, wann ee fir d'Befrote vu béide Gruppen Duerchschnëttswäerter berechent. Wann ee sech d'Äntwerte vun de Befroten am Detail géing ukucken, géif däitlech, dass et e grousse Spektrum vun ënnerschiddlechen Usiichten doriwwer géif ginn, wien en Alliéierten a wien e Géigner ass. Bei den USA géif dat besonnesch däitlech ervirtrieden: Vill Leit - aus dem Public a vun den Experte - geséichen d'USA nach ëmmer als Alliéierten. Ma ëmmer méi Leit wieren antëscht der Meenung, dass d'USA e Géigner wieren. An der Moyenne géifen d'USA da genee an der Mëtt vum Spektrum rauskommen, weder en Alliéierten nach e Géigner.

Fir de Josip Glaurdić ass awer kloer, dass d'USA kee Partner méi wieren, op deen Europa sech onageschränkt kéint verloossen. Dat wier ville Leit och kloer. Am Fall vun enger russescher Attack - egal ob konventionell oder hybrid - géife vill Leit et als onsécher ugesinn, ob eng USA ënnert dem Donald Trump Europa wierklech géing hëllefen. Natierlech géing sech do d'Fro stellen, wéi eng Konsequenzen een doraus zitt. Vill Leit an Europa géifen dat als Méiglechkeet gesinn, fir Entschlossenheet ze demonstréieren, andeems een zum Beispill méi militärescht Material keeft. Ma dat géing net duergoen, villméi misst Sécherheetspolitik an Europa nei geduecht ginn an et misst ee sech och d'Fro stellen, op wien ee sech kéint verloossen. Aktuell wier een a ville kriteschen Domäner nach ofhängeg vun den USA; besonnesch bei den Informatiounen a beim nukleare Schutzschëld, dat wier net responsabel. Ma mat Ausnam vun e puer europäesche Politiker - ënnert hinnen de spuenesche Premierminister Pedro Sanchez - wier kee gewollt ze soen, wat et wierklech bräicht: e militäreschen Aarm vun der EU respektiv - bis dëse steet - e wierklechen europäeschen Aarm vun der Nato. Aktuell géif net genuch an dës Richtung ënnerholl ginn.

De Politikwëssenschaftler géif de Wëllen, déi transatlantesch Partnerschaft ze erhalen duerchaus verstoen. Béid Säiten hätten an der Vergaangenheet vill vun dëser gehat, ma aktuell, géif een dat an engem groussen Deel vun der US-Politik net méi sou gesinn: "Mir mussen op engem bestëmmte Punkt d'Realitéit akzeptéieren, dass dat bei ronn der Hallschent vun der politescher Communautéit respektiv vum Public an den USA net méi déi dominant Perceptioun ass. A wann dat esou ass: Kënne mir eis da wierklech all véier Joer op e Mënzworf verloossen, deen dann decidéiert, ob mer permanent gestresst sinn. Wat soll also passéieren. Ech weess et net. Ech si skeptesch, dass den aktuelle europäesche Leadership kapabel ass, den néidege grousse Schratt ze ënnerhuelen."

D'Leit iwwerzeegen, dass d'Ukrain de Krich muss gewannen

Wann een dann de Bléck vun Europa aus a Richtung Oste riicht, fält dësen onweigerlech op de russesche Krich géint d'Ukrain. Hei stellt sech d'Fro, wéi een dem Wieler, d'Noutwennegkeet vu Sanktioune géint Russland verkeeft, wann de Public Russland däitlech manner als e Feind wouerhëlt ewéi d'Experten? Virun allem, wann dës mat Käschte verbonne sinn an all Véierte sech Suergen ëm de Budget mécht.

Hei hätt ee fir de Josip Glaurdić vu vir era missten anescht un déi Saach erugoen: De Feeler vun der EU wier et gewiescht, der Ukrain ëmmer nëmme souvill ze hëllefen, dass se de Krich net verléiert. Ma dat hätt zu engem laangen Ofnotzungskrich gefouert, an deem keng vu béide Säite sech kéint duerchsetzen. Hei misst e Sënneswandel dohi geschéien, dass d'Ukrain dee Krich net nëmme kéint gewannen, ma e misst gewannen. Anerefalls géif de ganze System vun der europäescher Sécherheet zesummebriechen. Wann ee quasi géing e Signal erausginn, dass et an der Rei wier, iwwert den Territoire vun engem anere Staat hierzefalen a seng Bierger ëmzebréngen an een duerno trotzdeem ouni Weideres kéint rehabilitéiert ginn, da géif déi komplett europäesch Sécherheetsarchitektur zesummebriechen, dat hätt dramatesch Suitten: "Dat ännert d'Iwwerleeunge vu ganz Osteuropa. Net nëmme fir d'Ukrainer, mä fir d'Polen, d'Litauer, d'Esten an alleguer déi aner an der Géigend vun der Front. Europa géif a sengem Wiese komplett anescht ginn."

Am Allgemengen hätten d'Politiker d'europäesch Bierger ënnerschätzt, wann et ëm hiert Verständnis vun deem géing, wat néideg wier, fir dëse Krich ze gewannen. D'Leit géinge sech schwéier doe mam Krich, wéi en aktuell gefouert gëtt. Dësen Ofnotzungskrich kéint een de Leit net verkafen. Wann een de Leit eppes kéint "verkafen", da wier et e Krich, deen op eng Victoire vun der Ukrain ausgeriicht wier an eng kloer Perspektiv fir e stabille Fridden op den europäesche Grenzen.

Back to Top
CIM LOGO