BrasilienPresident Lula trëtt am Hierscht eng weider Kéier bei Presidentiellen un

RTL mat AFP
Bei de Presidentielle wäert de Lula op de Fils vum Ex-President Jair Bolsonaro treffen, deen den Erausfuerderer vun der rietskonservativer Partei ass.
De brasilianesche Vizepresident Geraldo Alckmin a seng Fra Maria Lucia "Lu" Alckmin zesumme mam brasilianesche President Luiz Inacio Lula da Silva an der First Lady Rosangela "Janja" da Silva um Parteidag vun der Aarbechter Partei PT den 2. August zu Sao Paulo.
De brasilianesche Vizepresident Geraldo Alckmin a seng Fra Maria Lucia "Lu" Alckmin zesumme mam brasilianesche President Luiz Inacio Lula da Silva an der First Lady Rosangela "Janja" da Silva um Parteidag vun der Aarbechter Partei PT den 2. August zu Sao Paulo.
© MIGUEL SCHINCARIOL/AFP

De brasilianesche Staatschef Luiz Inacio Lula da Silva ass e Sonndeg offiziell vu senger Partei, der lénksgeriichter PT als Kandidat fir déi nächst Presidentiellen ernannt ginn. Beim Parteidag zu Sao Paulo huet sech d'PT op déi véiert Amtszäit vum 80 Joer ale Lula opgestallt. Bei de Presidentiellen am Oktober trëtt de Lula géint de Flavio Bolsonaro un, deem säi Papp Jair Bolsonoaro bei de Walen 2022 knapp géint de Lula verluer hat.

De Lula huet um Parteidag viru ronn 3.000 Supporter erkläert, hie wier a "beschter Form". Hien huet vum Sport, deen hien all Dag mécht, erzielt a matgedeelt, datt hie géint d'Alginn wëll ukämpfen. D'Supporter haten déi rout Fändele vun der PT a Plakater op deene Saache wéi "Brasilien gëtt net op" dobäi. Dem Lula seng 59 Joer la Fra hat bei dem Evenement en T-Shirt un, op deem hire Mann als Kand drop ze gesi war.

"Ech sinn haut hei, well dem Lula seng Politik mäi Liewen an dat vu menger Famill verännert huet", seet déi 51 Joer al Cristiane Rosa Julho der AFP. Si schafft am soziale Beräich a Brasilien. "Wéinst him hu mir haut eis eegent Haus". Dem Lula ass et gelongen, e stabille Wuesstem an d'Land ze bréngen an d'Quot vun de Leit, déi schaffe ginn, drastesch eropzesetzen. E grousse Problem am Land bleiwen awer weider déi héich Liewenskäschten.

De Fils vum ultrarietsen Ex-Staatchef Jair Bolsonaro war e Samschdeg virun enger Woch beim Parteidag vun der rietsgeriichter Liberaler Partei zu Sao Paulo zum Presidentschaftskandidat an domadder Konkurrent vum Lula ernannt ginn. Dat Iewescht Geriicht a Brasilien hat säi Papp am September vum leschte Joer wéinst engem geplangte Putsch zu ronn 27 Joer am Prisong verurteelt. Aktuell sëtzt de Jair Bolsonaro am Hausarrest.

Fir de Lula ass de Flavio Bolsonaro e "Verräter vum Land", deen d'USA ugestëft huet, fir Stroftaxen op déi brasilianesch Wirtschaft ze huelen an esou Brasilien geschuet huet. De Flavio Bolsonaro weist dës Virwërf zeréck. Enger aktueller Ëmfro no géif de Lula aktuell beim enger Stéchwal 48 Prozent vun de Stëmme kréien, de Bolsonoaro der 43.

Back to Top
CIM LOGO