
E 64 Joer alen Däitschen ass an Éisträich zu Lech an den Alpen déidlech verongléckt. Wéi d'Policedirektioun Vorarlberg matgedeelt huet, ass de Mann ronn 70 Meter an d'Déift gefall, op enger Plaz, wou vill Fielse sinn. Hie wollt vun der Göppinger Hütte a Richtung Butzensee.
Seng béid Begleeder hunn nom Accident den Noutruff alarméiert. De Rettungshelikopter gouf op d'Plaz geschéckt, ma d'Secouriste konnte just nach den Doud vum Ongléckleche feststellen.