
Den US-President huet nach eng dropgesat a seng Provokatioun géint d'Land am Hibléck op de batteren Handelssträit nach emol verschäerft. En Donneschdeg gouf en Dekreet ënnerschriwwen, datt de "Lake Ontario" vun elo u "Lake America" heescht. Den Trump huet gläichzäiteg nach eng aner Ännerung ugedeit.
An engem Videomessage huet den US-President eng Kaart mam neie Numm vum Séi verëffentlecht an argumentéiert, dass d'USA net erwaarden, nach vill Geschäfter mat Ontario ze maachen". Duerch de "Lake Ontario" verleeft d'Grenz tëscht der kanadescher Provënz Ontario an dem US-Bundesstaat New York. D'Gewässer gehéieren zu de fënnef grousse Séie vun Nordamerika.
Den Handelssträit tëscht den USA a Kanada war leschte Weekend no mësslongene Verhandlungen nach emol eskaléiert. Nodeems d'US-Regierung héich Taxe géint d'Nopeschland annoncéiert hat, huet Kanada mat Géigen-Taxe geäntwert.
Den Trump hat a senger zweeter Amtszäit e puer Mol fir kritesch Reaktioune gesuergt nodeems hien Uspréch op auslännesche Territoire gestallt huet. De Golf vu Mexiko hat hien direkt um éischten Dag vu senger zweeter Amtszäit per Dekreet a "Golf vun Amerika" ëmbenannt.
Elo hätten d'USA e Golf an e Séi, sou den US-President. "Elo brauche mir just nach en Ozean. Vläicht musse mir den Numm vum Atlantik an/oder vum Pazifik änneren", sou nach den Trump. "Vläicht änneren mir souguer béides".