Enquête vun israeelescher Zeitung "Haaretz"Netanjahu wier virun Attack vum 7. Oktober virgewarnt ginn

François Aulner
Den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu steet wéinst engem Bericht ënner Drock. Hie soll Warnunge virum 7. Oktober ignoréiert hunn.
Archivbild
Archivbild
© ILIA YEFIMOVICH/AFP

"Den Netanjahu war Deeg virun der terroristescher Attack vun der Hamas de 7. Oktober 2023 explizitt gewarnt ginn an huet d'israeelesch Sécherheetscheffe net informéiert", dat huet d'israeelesch Dageszeitung Haaretz en Dënschdeg gemellt.

Den israeelesche Premier huet et selwer als "absolut Lige" bezeechent, genee esou ewéi bei viregte Berichter, datt Israel virgewarnt gewiescht wier. D'Detailer vun dësem neie Bericht riskéieren, den Netanjahu awer manner ewéi zwee Méint viru Parlamentswalen schéin an d'Bredouille ze bréngen.

An der leschter Woch vum September 2023, 10 Deeg virun der Attack vum 7. Oktober huet de President vun de Vereenegten Arabeschen Emiraten, de Mohammed Bin Zayed, den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu kontaktéiert, fir hie virun enger grousser Operatioun vun der Hamas ze warnen, esou Haaretz.

Ewéi d'Zeitung schreift, hätt den deemolege Chef vun der Hamas, de Yahya Sinwar, engem anere palästinensesche Beamten géintiwwer d'geplangten Operatioun als Äerdbiewe bezeechent. Dee Beamten hätt dat dunn engem Beroder vum emiratesche President Bin Zayed weiderginn. D'Telefonsgespréich soll 45 Minutte gedauert hunn. De Zayed soll Minutte laang insistéiert hunn, ewéi eescht d'Menace wier. Den Netanjahu hätt d'Gefor awer erofgespillt an d'Cheffe vun den israeelesche Sécherheetsdéngschter net iwwert d'Warnung informéiert. Sief et d'Cheffe vun der Arméi, vum Geheimdéngscht Shin Bet oder nach de Verdeedegungsminister.

Nom Bericht vun en Dënschdeg gouf den Netanjahu vun der Oppositioun ferm kritiséiert a fir d'Ausmooss vun der Attack vum 7. Oktober mat verantwortlech gemaach.

De 7. Oktober huet d'Hamas aus der Gazasträif de Süde vun Israel ugegraff. Bal 1.200 Leit, haaptsächlech Zivilisten, koumen ëm d'Liewen, Honnerten entféiert an Dausende blesséiert. Zanterhier bombardéiert Israel Gaza bal ouni Paus an et goufe geschaten 73.000 Leit ëmbruecht.

Back to Top
CIM LOGO