Wéinst Gewalt géint PalästinenserZwielef Länner wëllen Handel mat israeelesche Siidlungen an Zukunft sanktionéieren

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi et vun den Ausseminister vun de Länner heescht, géif d'Virgoe vun Israel am Westjordanland d'Méiglechkeet vun denger Zwee-Staate-Léisung ënnergruewen.
En Ausseposte vun israeelesche Siidler beim Palästinenser-Duerf Hajjah.
En Ausseposte vun israeelesche Siidler beim Palästinenser-Duerf Hajjah.
© JAAFAR ASHTIYEH/AFP

Groussbritannien, Kanada, Frankräich, Dänemark, Finnland, Island, Norwegen, Polen, Portugal, Spuenien a Schweden wëlle Sanktioune géint den Handel mat de vëlkerrechtlech illegalen israeelesche Siidlungen am Westjordanland erloossen. Dat deelen d'Ausseminister vun den zwielef Länner en Dënschdeg an engem gemeinsame Schreiwes mat. D'Annonce kënnt nodeems et bannent de leschte Wochen ëmmer méi dacks zu gewaltsamen Attacke vun israeelesche Siidler op Palästinenser an deem besate Gebitt komm ass.

An Irland an a Spuenien si schonn eng Rei Sanktioune géint den Handel mat de Siidlungen a Kraaft getrueden. Frankräich schwätzt sech zanter Wochen dofir aus, dass änlech Mesuren och op EU-Niveau decidéiert ginn. Aner Memberlänner wiere sech awer dogéint.

Wéi et vun den Ausseminister heescht, géif d'Virgoe vun Israel am Westjordanland d'Méiglechkeet vun denger Zwee-Staate-Léisung ënnergruewen. D'Situatioun am Gebitt géif sech wéinst engem Ausmooss u Gewalt säitens de Siidler, wéi et de virdrun nach ni ginn hätt, rapid verschlechteren. De britteschen Ausseminister Ed Miliband huet der israeelescher Regierung an enger Ried am Parlament zu London an dësem Zesummenhang esouguer reprochéiert, bei enger ethnescher Säuberung ewech ze kucken.

Back to Top
CIM LOGO