
Wéi den nordmazedonesche Gesondheetsministère e Samschdeg sot, goufen am Balkanland an der leschter Zäit insgesamt 43 Infektioune mat dem Virus bei Mënsche festgestallt, de Groussdeel dovun an de leschten dräi Wochen. Fënnef Infizéierter wiere gestuerwen.
"Bal all Dag gëtt een an d'Spidol ageliwwert an d'Zuel (vun de Patienten) an der Klinik läit bei ronn 20 bis 21", esou de Chef vun der Klinik fir Infektiounskrankheeten zu Skopje, de Fadil Cana. Ufank August haten d'Autoritéite fir eng Rei Géigenden an a ronderëm déi nordmazedonesch Haaptstad eng West-Nil-Virus-Epidemie festgestallt.
De Virus, dee vu Mustiken iwwerdroe gëtt, gouf eng éischte Kéier 1937 am West-Nil-Gebitt an Uganda nogewisen. Ee Groussdeel vun den Infektioune verleeft asymptomatisch oder mat liichte Symptomer. Dowéinst gëtt och just ee klengen Deel vun den Infektioune wierklech erfaasst. Infizéierter, bei deenen d'Krankheet ausbrécht, entwéckele Gripp-änlech Symptomer wéi Zidderen a Féiwer. A schwéiere Fäll kënnen déi Infizéiert an e Koma falen. Iwwer d'Blutt kann de Virus iwwerdeems och bis an d'Gehier kommen an eng liewensgeféierlech Hirnhautentzündung (Meningitis) ausléisen.
Den nordmazedonesche Gesondheetsminister Saso Klekovski hat d'Bierger e Freideg zu weidere Virsiichtsmoossnamen opgeruff. Si sollten hir Piscinnen eidelmaachen, fir datt d'Mustike keng Eeër leeë kënnen. Och sollen doudeg Vigel gemellt ginn, well si dem Virus al Wiert dénge kéinten. An de leschte Woche gouf an Nordmazedonien ausserdeem vum Buedem an aus der Loft vill Insektegëft gesprëtzt, virun allem ronderëm Gewässer.
Déi éischte Kéier war de West-Nil-Virus an Nordmazedonien am Joer 2011 nogewise ginn. Bis Enn d'lescht Joer ware just 54 Infektiounen nogewise ginn. Dëst Joer huet sech d'Situatioun duerch de waarme Summer allerdéngs verschäerft.
Den Europäeschen Zenter fir d'Preventioun an d'Kontroll vu Krankheeten hat e Freideg matgedeelt, datt zanter dem Ufank vum Joer schonn 12 europäesch Länner Fäll vum West-Nil-Virus gemellt haten, déi op der Plaz iwwerdroe gi waren. Nieft Nordmazedonien waren dat Däitschland, Frankräich, Holland, Éisträich, Italien, Spuenien, Albanien, Griicheland, Rumänien, Serbien an de Kosovo.
An Europa ginn déi meescht Infektioune wärend der Méckesaison tëscht Fréijoer an Hiecht gemellt. Héichsaison ass tëscht Juli a September. Der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) no gëtt et weder zougeloosse Vaccinen nach gutt Behandlungsmethode géint de Virus.