Am Norde vum LandRTL-Lieser erbléckst eng 50 Storchen an enger Wiss zu Hengescht

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet sech een RTL-Lieser an d'Redaktioun eragemellt fir eis matzedeelen, datt hien zu Hengescht am Norde vum Land eng gréisser Grupp Storche gesinn huet.

Op de Biller ass ze gesinn, wéi eppes iwwer 50 Storchen op engem Feld stinn, net wäit vun engem Trapp Kéi fort a mat enger Wandmillen am Hannergrond.

De Fernand Simon, deen d'Déieren erbléckst huet, sot RTL géigeniwwer, d'Déiere wiere schonn e Samschdeg den Owend spéit géint 21 Auer/21:30 Auer an der Wiss gelant. E Sonndeg de Moien huet hie sech d'Storchen du fir d'éischt emol mat der Spektiv ugekuckt, ier hie se fotograféiere war.

Et ass ee Phenomeen, deen een zu Lëtzebuerg net all Dag gesäit. Ma schonn Ufank des Mounts waren eng 30 wäiss Storchen an engem Feld tëscht Bëttel a Furen gesi ginn. Wéi den Naturfotograf an Athlet Bob Bertemes eis deemools an engem Interview sot, mussen d'Storche bei hirer Rees an de Süden ëmmer emol nees en Tëschestopp aleeën - an anscheinend gefält et hinnen am Grand-Duché dofir ganz gutt.

Hutt Dir de Weekend och Storchen zu Lëtzebuerg erbléckst? Schéckt eis d'Biller iwwer d'Mail meteo@rtl.lu eran!

Back to Top
CIM LOGO