
De Schauspiller huet an der HBO-Erfollegsserie de Mafioso Salvatore "Big Pussy" Bonpensiero gespillt. Elo ass de Vincent Pastore am Alter vun 80 Joer gestuerwen, wéi säin Agent Robert Attermann e Samschdeg der Noriichtenagence AFP matgedeelt huet. Medieberichter no gouf hien dout a senger Wunneng zu New York fonnt.
De Pastore ass 1946 zu New York am Staddeel Brox op d'Welt komm. Gebuert an eng US-italieenesch Famill ass hien Zaldot bei der US-Marinn ginn an huet Clubs geréiert, ier hie Schauspiller ginn ass.
A Filmer a Serien huet de Pastore meeschtens Gangster an aner haart Typpe verkierpert. Esou an de "Sporanos", wou hien ee Mafioso gespillt huet, deen Informant fir den FBI gëtt. De Pastore hat och kleng Rollen a Filmer wéi "Goodfellas" (1990) vum Regisseur Martin Scorsese a "Carlito's Way" (1993) vum Brian De Palma. Hie war ausserdeem an enger Rei Reality-Shows ze gesinn. Dorënner och "The Celebrity Apprentice", dee vum aktuellen US-President Donald Trump moderéiert gouf.