Op d'mannst 72 DoudegerSpuenesch Autoritéite fanne weider Läichen am Mier tëscht Marokko a Ceuta

RTL mat AFP
Wärend e Gros vun de Leit zeréck iwwer d'Grenz gaange sinn, fannen d'Autoritéiten nach ëmmer Doudeger am Mëttelmier.
Eng Barrière, déi um Mier schwëmmt, gouf laanscht d'Küst vu Ceuta opgeriicht.
Eng Barrière, déi um Mier schwëmmt, gouf laanscht d'Küst vu Ceuta opgeriicht.
© ABDEL MAJID BZIOUAT/AFP

D'Zuel vun de Leit, déi beim Versuch gestuerwe sinn, fir vu Marokko an déi spuenesch Exklav Ceuta ze kommen, ass op 72 geklommen. D'Mier gëtt awer virun duerchsicht an déi spuenesch Autoritéite ginn och dovunner aus, datt nach weider Läiche wäerte fonnt ginn. Déi meescht vun den iwwer 50.000 illegale Migrante si mëttlerweil nees zeréck a Marokko gaangen. Op Ceuta patrulléieren d'Police an d'Arméi weider, aktuell wieren nach "eng Handvoll" Flüchtlingen op dem spueneschen Territoire um afrikanesche Kontinent bliwwen. Nach ëmmer awer gi Migranten, déi illegal an d'Land koumen, mat Busser zeréck op d'Grenz gefouert, wou si an de Marokko bruecht ginn.

Vill vun de Migranten, déi illegal iwwer d'Grenz koumen, soten, datt si eng Rumeur héieren hätten, datt d'Grenz tëscht Ceuta a Marokko op wier. Dowéinst wiere si dohinner komm. Dës Rumeur hätt an de soziale Medien séier den Tour gemaach. Spuenien beschëllegt jo nach ëmmer d'Mafia vu Schleiser, fir dës "Attack" verantwortlech ze sinn.

En Dënschdeg beroden d'EU-Inneministere per Videokonferenz iwwert d'Situatioun op der Hallefinsel Ceuta an de Schutz vun de Baussegrenzen am Allgemengen.


Weider Artikelen zum Sujet

Back to Top
CIM LOGO